Ukrain soll Krim fir Fridden ofginn

© AFP
Den US-President Donald Trump huet op sengem soziale Reseau Truth Social den ukrainesche President schaarf kritiséiert.
De Wall Street Journal hat de Wolodymyr Selenskyj mat de Wierder zitéiert: "D'Ukrain erkennt d’Besetzung vun der Krim net un. Hei gëtt et näischt ze verhandelen."
Laut dem Donald Trump wier dës Positioun "schiedlech" fir d’Friddensverhandlunge mat Russland.
Hien huet geschriwwen, dass d’Krim schonn ënner dem fréiere President Barack Obama verluer gaange wier. Et wier deemools keng militäresch Reaktioun vun der Ukrain ginn. "Firwat hu se net virun 11 Joer gekämpft, wéi se d'Krim u Russland 'ouni Schoss' verluer hunn", freet hie rhetoresch.
D'Krim gouf am Joer 2014 vu Russland annektéiert, nodeems do e Referendum ofgehale gouf, dee vun der internationaler Gemeinschaft net unerkannt gouf.
Den Donald Trump behaapt, hie wollt de Krich stoppen an d'Liewe vu bis zu 5.000 russeschen an ukraineschen Zaldoten d’Woch retten. Hien insistéiert drop, datt hien "näischt mat Russland ze dinn" hätt, mee him vill dru geleeën ass, fir dëse "kompletten a totalen Duercherneen" ze stoppen. Den Donald Trump behaapt, et wier een no un engem Deal: "But the man with “no cards to play” should now, finally, GET IT DONE."
D’ukrainesch Regierung bleift bei hirer Positioun, dass d’Krim e Bestanddeel vun der Ukrain wier, genee wéi och déi aner vu Russland besaten Territoiren.