Donald Trump gesäit Deal mat Russland a mécht Drock op d'Ukrain

© SAUL LOEB AFP
Den US-President gesäit an de Verhandlunge mat Russland iwwert en Enn vum Ukrainkrich eng Eenegung erreecht.
"Ech mengen, mir hunn en Deal mat Russland", sou den Donald Trump e Mëttwoch lokaler Zäit zu Washington D.C.. Elo misst een nach den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj iwwerzeegen. Dat wier awer méi schwéier.
D’Ukrain ass weiderhin net bereet, nationaalt Gebitt opzeginn. Genee dat ass awer anscheinend an deem Accord virgesinn. Dat mellen op alle Fall d’Washington Post a verschidden aner US-Medien.
D’USA géifen deemno souwuel d’Krim, wéi och d’Regiounen Donezk, Luhansk, Kherson a Saporischia als russescht Gebitt unerkennen. D’Grenzlinn géif op der momentaner Front agefruer ginn. D’USA géife garantéieren, dass d’Ukrain keen NATO-Member gëtt. Sämtlech amerikanesch Sanktiounen géint Moskau géifen annuléiert ginn. Dofir géif Washington awer Sécherheets-Garantien fir d’Ukrain iwwerhuelen. Och en EU-Bäitrëtt vu Kiew wier net vum Dësch.
Iwwerdeems fiert Russland onverännert mat sengen Ugrëff op d'Ukrain weider. Bei enger massiver Rakéitenattack op d'Haaptstad Kiew sinn an der Nuecht op en Donneschdeg op d'mannst 9 Persounen ëm d'Liewe komm an iwwer 60 goufe blesséiert.
Trotzdeem huet den Donald Trump säin Drock op de Wolodymyr Selenskyj erhéicht an erhieft nei Reproche géigeniwwer dësem. Dem ukrainesche President säi Refus, Russland d'Kontroll iwwer d'Krim ze iwwerloossen, géif de Krich verlängeren. Wann de Selenskyj d'Krim wéilt, da géif sech d'Fro stellen, firwat d'Ukrain net schonn 2014 ëm se gekämpft huet, wéi se "ouni ee Schoss u Russland iwwergi gouf".
Et wieren esou hetzeresch Aussoen, déi et géinge schwéier maachen, de Krich op en Enn ze bréngen.