Bei jonken Europäer ass den Intressi u Wale grouss

© RTL-Archiv
Dat geet aus engem neie Rapport vun der EU-Kommissioun ervir, dee sech mat der Situatioun vun deene Jonken tëschent 15 a 24 befaasst.
An enger Ëmfro hunn iwwer 70 Prozent vun deene Befroten uginn, ëmmer oder op d’mannst dacks an de leschte Jore wiele gaangen ze sinn. Am héchsten ass d’Bedeelegung an Holland an a Schweden.
Lëtzebuerg kënnt trotz Walflicht manner gutt am Rapport ewech. Zesumme mat Irland a Kroatien gehéiert de Grand-Duché zu deene Länner, an deenen am meeschte Jonker uginn hunn, rar oder guer net an de leschte Jore gewielt ze hunn. D’Etüd ass 2023 realiséiert ginn, also matten am Superwaljoer am Grand-Duché mat Walen op kommunalem an nationalem Niveau.
Ee Véierel vun de befrote Jugendlechen aus Lëtzebuerg hat och uginn, net wëlles ze hunn, bei den Europawalen zejoert hir Stëmm ofzeginn. Och do schneit d’Lëtzebuerger Jugend zesumme mat Malta am schlechtsten of. Allerdéngs hu véier vu fënnef jonke Lëtzebuerger uginn, der EU ze vertrauen. Dat ass iwwer dem Duerchschnëtt vun de jonken Europäer, dee bei 60 Prozent läit.