Een Doudesaffer: Schüler huet a Lycée seng Matschüler mat Messer gepickt

© AFP
Am Lycée Notre-Dame-de-Toutes-Aides zu Nantes konnt d'Police ee 16 Joer ale Schüler festhuelen, nodeems dee 4 aner Jonker mat engem Messer blesséiert huet.
Eent vun den Affer, ee Meedchen, ass gestuerwen. Een anert Affer ass an engem kriteschen Zoustand. Et ass net gewosst, wéi uerg déi Blessure vun den 2 anere Schüler sinn. Den Täter war an 2 verschidde Klassesäll eragaangen.
D'Personal konnt de Jong awer scho maîtriséieren, ier d'Police op der Plaz war. Hie war den Autoritéite bis ewell net opgefall.
Fir 19 Auer war eng Pressekonferenz ugesat. Dës ass awer op en onbekannten Zäitpunkt verréckelt ginn.
15 Minutte virun der Dot huet de presuméierten Täter e Manifest vun 13 Säite verschéckt.