Ee Mount nom Äerdbiewen gëtt d'Ausmooss vun der Katastroph am Myanmar ëmmer méi däitlech.

D’Situatioun op der Plaz ass ëmmer nach katastrophal. Iwwer 3.000 Leit sinn dout a Milliounen hu keen Zougang zu Drénkwaasser, Iessen a medezinescher Versuergung. Zéngdausende Famillen hu keen Dach iwwert dem Kapp. Perspektive ginn et kaum. Stroossen, Brécken an Haiser sinn zerstéiert, Waasserleitungen ënnerbrach, d’Infrastrukturen zesummegebrach.

Den Trevor Clark, schafft vun der thailännescher Haaptstad Bangkok aus fir d’ONG Unicef an der Koordinatioun vun de Projeten am Myanmar. Hien ass zanter enger Woch op der Plaz. “Eis Ekippen op der Plaz confirméieren, datt d’Situatioun, och e Mount duerno, nach ëmmer katastrophal ass. Ech - zwee vu mengen Urgence-Mataarbechter hei zu Besuch a si ware schockéiert vun den Zoustänn. An dat si Leit, déi schonn op ville Plaze geschafft hunn a villes gesinn hunn”, erkläert den Trevor Clark.

D’Mënsche brauchen dréngend Zelter, Medikamenter, proppert Waasser an Iessen: "D’Waasserleitunge si futti respektiv ënnerbrach. Wann een un e Waassersystem denkt, denkt een direkt un Drénkwaasser. Mee et ass méi ewéi dat. Dës si wichteg, fir den Ausbroch vu Krankheeten ze verhënneren. Mir konstatéieren elo scho Fäll vu staarkem Duerchfall bei de Lokale wéinst verschmotztem Waasser. Dat ass wat geschitt, wa kontaminéiert Waasser net fort kënnt."

Méi ewéi 3.700 Leit si beim Äerdbiewen viru 4 Wochen am Myanmar ëm d’Liewe komm, esou aktuell Zuele vun der Regierung. Méi ewéi 5.000 goufe blesséiert, vill Leit ginn nach ëmmer vermësst. De Biergerkrich am Land mécht d'Situatioun nach méi schwéier. D’Regierung an d’Oppositioun sti sech och an der Ausnamesituatioun als Feinde géintiwwer:

“Da kënnt dobäi, datt Famillen a Kanner, déi op der Flucht sinn, net ëmmer do sinn, wou een onbedéngt mengt, datt se sinn.” esou de Paul Heber vun Unicef Lëtzebuerg. “Da sinn hir Besoinen och net ëmmer vläicht déi, mat deenen ee gerechent huet. A wann s de keen Doheem méi hues a gëss aus dengem Liewen erausgerappt, da gesäit däi Liewe ganz anescht aus an dat mécht et och fir eis eng weider Erausfuerderung."

Verschidden Hëllefsorganisatioune struewelen, fir op déi kritesch Plazen ze kommen

Am Mandalay, deen ënner Kontroll vun der Regierung steet, gëtt et manner Militär-Kontrollpunkter ewéi nach virum Äerdbiewen. Hei kënne sech Hëllefswierker séier an einfach beweegen. Zu Sagaing, wou d’Oppositioun staark ass, ass vill méi staatlecht Militär ewéi soss. Hei muss ee sech och als ONG umellen an d’Regioun owes nees verloossen. Ëmmer nees héiert ee vu verschiddenen Hëllefsorganisatiounen, datt Residenten hir Kameraen an Handyen ofgeholl kréie beim dokumentéiere vun de Schied – Journaliste sinn am Myanmar net wëllkomm. Dowéinst feelt et u Biller vun der Zerstéierung an d'Bereetschaft fir ze spenden, ass méi geréng ewéi bei Naturkatastrophen an anere Länner.

D’Hallschent vun der Populatioun lieft ënnert der Aarmutsgrenz

Dobäi waren am Biergerkrichsland scho virum Äerdbiewen 20 Millioune Mënschen op humanitär Hëllef ugewisen. D’Hallschent vun der Populatioun lieft ënnert der Aarmutsgrenz, esou de Paul Heber. Besonnesch d’Educatioun misst de Kanner erhale bleiwen, fir hinnen Alternativen fir d’Zukunft ze bidden.“Eis maachen d’Waffe generell Suergen. Du hues reegelméisseg Kanner, déi sech u Landminne verletzen. Kanner, déi rekrutéiert ginn, fir an den Arméien als Zaldot ze déngen. Hei ass d’Zuel an de leschten 2 Joer vu betraffene Kanner ëm 400 Prozent an d’Luucht gaangen."

Aktuell benotzt d’Militärregierung d’Humanitär Hëllef op en Neits als Waff. Leit déi hëllefen, ginn ugehalen a verhéiert. Jonk Burmesen hunn Angscht, an de Militär agezunn ze ginn, sollte se probéieren, an dëser schrecklecher Situatioun op der Plaz ze hëllefen.

Trotz Katastroph gëtt weider geschoss

Zwar hunn d’Militär an déi militariséiert Oppositioun en Iwwergangswaffestëllstand annoncéiert. Un dësen hält sech awer just d’Oppositioun, an net d’Militärregierung. Zanter dem Waffestëllstand goufen iwwert eng Dose Loftattacke geflunn, och iwwert dat Gebitt, dat am stäerkste vum Äerdbiewe betraff ass. Trotz schwierege Konditioune géifen d’Hëllefsgidder ouni gréisser Problemer an d’Land kommen, esou awer d’Observatioun vum Paul Heber.

D’Hëllef ass dréngend néideg. Aktuell leien d'Temperaturen am Myanmar bei méi ewéi 40 Grad. Dobäi kennt ëmmer nees heftege Reen deem zéngdausende Leit ouni Dach iwwert dem Kapp ausgeliwwert sinn. De Risk fir Krankheeten ewéi Malaria, mee och Cholera oder Otemweeerkrankunge klëmmt vu Woch zu Woch.