Zéngdausende Leit hunn e Samschdeg nom Opruff vum rietsextremen Aktivist Tommy Robinson um Samschdeg zu London demonstréiert.

Si hu sech géint Migranten a fir de Récktrëtt vun der lénks-orientéierter brittescher Labour-Regierung ausgeschwat. D’Police huet d’Zuel vun de Participanten op ronn 110.000 geschat. Déi vum Robinson als Manifestatioun fir d’"Meenungsfräiheet" ugekënnegt Aktioun am Häerz vun der brittescher Haaptstad war gepräägt vu brittesche "Union Jack"-Fändelen.

"Ech si kee Rassist, ech stellen nëmme fest wéi d’Demografie sech entwéckelt", sou den 28 Joer ale Ritchie bei der Demo. D’Ukënnegung vun irreguläre Migranten a Groussbritannien huet hie wéi eng "Invasioun" bezeechent. Fir de jonke Mann, deen zesumme mat dräi Frënn aus Bristol op London komm ass, ass de Robinson en "Held".

Scho méi dacks dëse Summer hat et a Groussbritannien Demonstratioune virun Asylheemer ginn, déi duerch dem Robinson seng Online-Medien verbreet goufen.

Den 42 Joer ale Robinson, mat richtegem Numm Stephen Yaxley-Lennon, ass Grënner vun der rietsextremer English Defence League. Wéinst senge Positioune géint Migratioun an den Islam ass hie bekannt a gouf schonn e puermol verurteelt, ënner anerem wéinst Verstéiss géint d'ëffentlech Uerdnung. 2018 an och 2024 souz hie fir eng Zäit am Prisong.

D’Mary Williams vu London huet op der Demo eng Foto vum ultra-konservativen US-Aktivist Charlie Kirk an d'Luucht gehalen, dee virun e puer Deeg an den USA erschoss gi war. Si sot, si wier "geschockt" gewiescht an hätt dofir decidéiert, fir un der Manifestatioun vum Robinson deelzehuelen, dee sech online ausféierlech mam Doud vum Kirk befaasst hat. Zu de bekannte Supportere vum Robinson zielt och den US-Milliardär Elon Musk.

D’Organisateuren hunn ugekënnegt, datt och international Prominenter deelgeholl hunn – dorënner de fréiere Beroder vum US-President Donald Trump, Steve Bannon. Aus Frankräich war de rietsextreme Politiker Eric Zemmour ugereest.
Méi wéi 1.000 Poliziste waren um Samschdeg zu London am Asaz, fir e friddlechen Oflaf vun der Manifestatioun ze garantéieren. Eng Géigendemo géint Rassismus war däitlech méi kleng.

RTL

© AFP/CARLOS JASSO