"Ech hunn decidéiert, d'Ofschafe vun zwee Feierdeeg zeréckzezéien"

© AFP (Archiv)
Donieft wëll de franséische Premier och keen neien Debat iwwer d'Pensiounsreform.
Den neie franséische Premier huet annoncéiert, datt hien d'Ofschafe vun zwee Feierdeeg zeréckzitt an datt hie keen neie "Konklav" iwwer d'Pensiounsreform wëll. Dës zwou Annoncen huet de Sébastien Lecornu e Samschdeg an engem Interview mat verschiddenen Zeitungen annoncéiert.
Dës Decisioun a puncto Feierdeeg bedeit den Ofschloss vun enger vun de meescht diskutéierte Moossname vu sengem Virgänger, François Bayrou. Den neie Premierminister ass och géint d'Iddi vu engem neien Debat iwwer d'Pensiounsreform. E Virschlag, dee schonn vun de Sozialpartner ofgeleent ginn ass.
"Et ass dacks a Krisenzäiten a bei Spannungen, datt Frankräich Fortschrëtter gemaach huet. Meng Positioun ass kloer: ech refuséiere gläichermoossen Onstabilitéit wéi och d'Passivitéit", huet hien erkläert. Aktuell féiert de Lecornu zu Paräis Verhandlungen, fir e Budget 2026 op d'Been ze stellen, deen da vun der Nationalversammlung kéint ugeholl ginn.
Hie setzt op den "Dialog mat de Sozialpartner" fir "aner Finanzéierungsressourcen" ze fannen, sou wéi hien am Gespréich mat Zeitungen ewéi Ouest-France, La Voix du Nord oder Sud-Ouest betount huet.
De Lecornu sicht den Austausch mat der moderéierter lénker Säit, mat Ausnam vu La France insoumise (LFI). "Ech wënsche mir en oppenen, éierlechen a qualitativ héichwäertege parlamentareschen Debat mat der sozialistescher Partei, den Écologistes an der kommunistescher Partei", huet hien ënnerstrach.