Méiglechkeet vun direkte Gespréicher tëscht Russland an Ukrain gouf diskutéiert

Den US-Spezialbeoptraage Steve Witkoff war zu Moskau fir Gespréicher mam russesche President Vladimir Putin. / © POOL/AFP/KRISTINA KORMILITSYNA
3 Stonne souzen den US-Spezialbeoptraagte Witkoff an de russesche President Putin beieneen, fir weider iwwer en Enn vum Ukrainkrich ze diskutéieren.
Wéi et aus dem Kreml heescht, wier um Freideg och iwwer d’Méiglechkeet geschwat ginn fir “direkt” Gespréicher tëschent Russland an der Ukrain. Et ass dat véiert Treffen tëschent dem Witkoff an dem Putin zanter den Donald Trump nees President ass.

© POOL/AFP/KRISTINA KORMILITSYNA
An engem Interview mat der amerikanescher Zeitung Time Magazine huet den Trump gesot, d'Krim sollt weider a russescher Hand bleiwen. Den ukrainesche President Selenskyj géing dat verstoen, a jidderee géing verstoen, datt d’Krim scho laang géing zu Russland gehéieren. Déi ukrainesch Hallefinsel, gouf am Joer 2014 vu Moskau annektéiert. Den Interview gouf virun 3 Deeg realiséiert, awer dëse Freideg eréischt publizéiert.