E Freideg den Owend huet de Procureur op enger Pressekonferenz weider Informatiounen zu der Messerattack mat déidleche Suitte ginn.

De presuméierten Täter, e Schüler vu 16 Joer, war e Donneschdeg an enger Schoul zu Nantes mat engem Messer op aner Schüler lassgaangen. 
Dobäi ass ee Meedchen, dat grad eréischt 15 Joer kritt huet, ëm d'Liewe komm. De presuméierten Täter hat net manner wéi 57 mam Messer op säin Affer agestach, dat gréisstendeels am Beräich vum Uewerkierper, dem Hals an dem Kapp. En huet e Messer mat enger 20 Zentimeter laanger Kléng dofir benotzt.

Duerno ass hien en anere Klassesall gelaf an huet do nach op zwee Jongen an en anert Meedchen agestach. Allen dräi goufe verwonnt, ee vun hinne liewensgeféierlech. Um Freideg de Moie war et awer d'Nouvelle, dass sech d'Situatioun verbessert hätt.

Éier de presuméierten Täter op seng Schoulkomerode lassgaangen ass, hat hie sech op enger Toilette agespaart an do 10 Minutte gewaart. En huet Verschiddenes do op d'Mauere geschriwwen, huet sech mat sengem Messer selwer op der Stier geschnidden an huet du senge Komeroden eng Mail geschéckt, esou de Procureur Antoine Leroy.

En Techniker an der Schoul konnt de jonke Mann mat engem Stull op de Réck an op de Kapp schloen, wouropshin de Schüler mam Messer op den Techniker lassgaangen ass. D'Personal konnt de presuméierten Täter dunn awer stoppen an e gouf vun der Police interpelléiert, déi mëttlerweil op der Plaz ukomm war.

Faszinéiert vum Hitler a Suizid-Gedanken

Éischten Erkenntnisser no war de 16 Joer jonke Schüler een Eenzelgänger, wier vill eleng gewiescht an e wier vum Hitler faszinéiert gewiescht. Déi Faszinatioun war och den Enseignanten net entgaangen an e war dowéinst och bei d'Direktioun geruff ginn. Hien huet dann och suizidär Tendenze gehat, heescht et vum Procureur. Op d'Mauere vun der Toilette hat en ënnert anerem geschriwwen, "hie géif hoffen, dass een him den Hals opschneit". Op Wonsch vu senger Mamm war en dann zanter Januar och scho fir 6 Gespréicher mat Educateuren an engem Jugendhaus zu Nantes zesummekomm, fir dass him kéint gehollef ginn. De Procureur huet ënnerstrach, dass Problemer beim Jong erkannt goufen, an ee sech och drëm gekëmmert hätt, ma leider wier dëst net duergaangen.

Wéinst der Attack mam Messer gouf eng Enquête an d'Weeër geleet, dat wéinst Mord, esou den Antoine Leroy. 
De presuméierten Täter gouf an enger Psychiatrie ënnerbruecht. En eendeitegt Motiv fir seng Dot konnt awer nach net erkannt ginn, esou de Procureur.

Leit, déi suizidär Gedanken hunn, kënnen Hëllef bei SOS Détresse um Telefon 45 45 45 kréien. All Informatioune fënnt een op www.prevention-suicide.lu.