46 Doudeger an iwwer 1.000 Blesséierter bei Explosioun am Iran

© Iranian PresidencyAFP
E Samschdeg gouf et an engem vun de wichtegsten Häfe vum Iran eng schwéier Explosioun.
E Méindeg ass de Bilan vun der Explosioun op 46 Doudeger an op iwwer 1.000 Blesséierter geklommen. Opgrond vun den uerge Blessure kéinten eng Rei Doudeger net identifizéiert ginn an et missten DNA-Prouwe geholl ginn, sou d'Noriichtenagence Ilna. Ënnert de Blesséierte wieren der 280 schwéier blesséiert, méi wéi 120 hu missen noutoperéiert ginn. D'Doktere ginn dovunner aus, datt nach weider Persounen un hiren uerge Blessure stierwe wäerten.
Der Regierungsspriecherin Fatemeh Mohadscherani no sinn d'Klinicken an der Provënz mat der Behandlung vun de ville Blesséierten iwwerfuerdert an dofir misste vill Patienten an aner Stied verluecht ginn. D'Awunner vun der Provënz Hormusgan gi weider dozou opgeruff, fir Blutt fir déi Blesséiert ze spenden.
Den Dag no der Explosioun ass nach ëmmer onkloer, wat genau explodéiert ass a wisou. D'New York Times huet eng Source aus dem Ëmfeld vun den iranesche Revolutiounsgarden zitéiert, deemno wier am Hafe gelagert Natriumperchlorat explodéiert. Dat ass ee Stoff, dee fir d'Produktioun vu militäresche Rakéite gebraucht gëtt.
E Spriecher vum iranesche Verdeedegungsministère huet dat zeréckgewisen: "Um Terrain vum Hafe Schahid Radschaei si weder Export- nach Importgidder, déi fir militäresch Zwecker benotzt kënne ginn."
An enger Erklärung vun der Douane huet et e Samschdeg geheescht, datt d'Ongléck wuel duerch e Brand an engem Lager fir Chemikalien a geféierlech Stoffer ausgeléist gi wier. Duerno hätt sech d'Feier am Hafen ausgebreet. Iwwer 10.000 Containere wieren dobäi bis ewell verbrennt, heescht et weider.
Betraff ass de gréissten Handelshafe vum Land. De Containerhafe Schahid Radschai läit an der Provënz Hormusgan iwwer dausend Kilometer südlech vun der Haaptstad Teheran an 23 Kilometer vun der Provënzhaaptstad Bandar Abbas ewech.

© MOHAMMAD RASOLE MORADI IRNAAFP
Feier nach net geläscht
Och um Sonndeg konnt d'Feier nach net geläscht ginn. Wärend de Läschaarbechten ass et zu weideren Explosioune komm. "D'Bränn waren e Sonndeg de Mëtteg bal komplett geläscht, ma plëtzlech sinn am ëstlechen Deel op en Neits Containere mat brennbare Materialien explodéiert", huet et op der iranescher Tëlee geheescht.
D'Pompjeeë si mat Helikopteren a Fligeren am Asaz. Och aus der Haaptstad Teheran ware Pompjeeë mat dobäi.

© AFP
President op der Plaz vum Ongléck
Schonn e Samschdeg den Owend hat sech den Inneminister Eskandar Momeni e Bild vun der Plaz gemaach. Um Sonndeg war och de President Massud Peseschkian op der Onglécksplaz. Hien huet den Affer an hire Famille säi Matgefill ausgedréckt.
D'Drockwell vun der Explosioun war der Noriichtenagence Fars no nach knapp 50 Kilometer wäit ewech vum Hafen ze héieren an ze spieren. Duerch d'Drockwell wieren "déi meescht Gebaier am Hafe schwéier beschiedegt ginn", sou déi staatlech Noriichtenagence Tasnim.

© AFP
Den Hafe Schahid Radschai läit bei der Strooss vun Hormus, duerch déi ronn ee Fënneftel vun der globaler Pëtrolsproduktioun transportéiert gëtt. Déi staatlech Entreprise fir d'Verdeelung vu Produite vun der Pëtrolsindustrie huet erkläert, Raffinerien oder aner Pëtrolsanlage wiere vun der Explosioun net betraff a géifen normal weider funktionéieren.