Haut gëtt zu Wien gewielt. Nieft dem héchste Posten an der Gemeng wielen d’Wienerinnen a Wiener bis op den Niveau vun de Bezierker hir Vertrieder.

Walen zu Wien / Korrespondenz vum Pol Edinger

Traditionell wielt Wien als éisträichesch Haaptstad säit laangem d’Sozialisten. Viru ronn honnert Joer gouf se souguer "Rotes Wien" genannt, grad wéinst dem deemolegen grousse Asaz fir soziale Wunnengsbau.

Hautzedaags muss sech de momentane Buergermeeschter, de Michael Ludwig vun der SPÖ, net nëmme mat der schneller Croissance vun den Awunnerzuelen auserneesetzen. Och Wien muss sech de Suitte vun der héijer Migratioun vun de leschte Jore stellen an d’Inflatioun huet och d‘Haaptstad net verschount.

De rezentsten Ëmfroen no wäert hie Buergermeeschter bleiwen: Mat ronn 37% beleet d’SPÖ kloer déi éischt Plaz. Den Trend vun de leschte Parlamentswalen allerdéngs ass och zu Wien ukomm: Mat 23% läit d’riets-national FPÖ, déi mam Dominik Nepp untrëtt, op zweeter Plaz. Si hat mat markante Spréch hire Walkampf komplett op de Immigratiounsthema gesat. Mat 13% an den Ëmfroen leien déi Gréng op Plaz dräi, mat jeeweils zwee Prozentpunkte manner dann déi riets-konservativ Kanzlerpartei ÖVP an d‘liberal NEOS.

D’Zäite vun enger klorer Dominanz vun de Sozialisten an der éisträichescher Haaptstad ginn deemno zu Enn, an et wäert eng vu villen Aufgabe vum alen a wuel och neie Buergermeeschter sinn, mat senger Aarbecht net nach méi Prozent fir déi nächst Walen a 5 Joer ze verléieren. Dofir muss hien nieft dem Wunnengsbau- a Immigratiounsthema och eng sëllegen aner Theme versichen ze léisen.