Gutt ee Mount no der Festnam vum fréieren Istanbuler Buergermeeschter İmamoğlu hunn déi tierkesch Autoritéite weider Persoune festgeholl.

Eng Rei Mataarbechter aus dem Ëmfeld vun der Istanbuler Administratioun sinn am Zesummenhang mat der Korruptiounsenquête festgeholl ginn. D'Verhaftunge ware ronn ee Mount no der Inhaftéierung vum mëttlerweil ofgesaten Istanbuler Buergermeeschter İmamoğlu.

47 Persoune wiere festgeholl ginn, fir dräi weider Persoune léichen Haftbefeeler vir, sou déi staatlech Noriichtenagence Anadolu. D'Festname waren deemno an de Provënzen Istanbul, Ankara an Tekirdag.

Ënnert de Persounen, déi festgeholl gi sinn, sinn der tierkescher Staatschaîne TRT no d'Chefsekretärin vum İmamoğlu a seng Bodyguarden. Och den Direkter vum Istanbuler Waasserwierk gouf festgesat.

Géint den İmamoğlu ginn et Korruptiouns- an Terrorreprochen. De Politiker weist d'Reprochen zeréck. D'Virgoe géint hie gëtt weiderhin als politesch motivéiert kritiséiert. Den İmamoğlu zielt zu de wichtegste Konkurrente vum tierkesche President Recep Tayyip Erdogan bei den nächste Presidentiellen.

D'Protester am Land ginn iwwerdeems weider. De Weekend sinn an der Milliounestad Mersin den tierkesche Medien no Zéngdausende Leit op d'Strooss gaangen. D'Partei vum İmamoğlu CHP hat zum Protest opgeruff.