Mann fiert mat Auto a Mënschemass - eelef Doudeger

© DON MACKINNON AFP
Um Lapu Lapu-Festival am kanadesche Vancouver koum et e Sonndeg de Moien eiser Zäit zu enger schrecklecher Dot.
E Mann ass mat engem Auto an eng Mënschemass um Lapu Lapu-Festival zu Vancouver gerannt. Dëst Fest mat philippinneschem Hannergrond ass all Joer.
Wéi d'Police e Sonndeg den Owend eiser Zäit matgedeelt huet, wier de Mann mat sengem Gefier um Enn vum Festival an e Grupp vun honnerte Leit gerannt. Dobäi wieren op d'mannst eelef Persounen ëm d'Liewe komm. Dës Zuel kéint nach klammen, sou de Chef vun der Police Steve Rai. Et gouf vill Blesséierter.
De presuméierten Täter hat iwwerdeems probéiert, ze Fouss ze flüchten. Hie konnt awer gestoppt a festgeholl ginn.
E Sonndeg den Owend eiser Zäit konnt d'Police nach keng weider Informatiounen zu engem méigleche Motiv bekannt ginn. D'Beweiser géingen den Ament allerdéngs net drop hindeiten, datt et sech ëm en terroristeschen Akt handele géing. Et hätt och keng Menacë géint de Festival oder déi philippinnesch Communautéit ginn.
Wéi et weider op der Pressekonferenz geheescht huet, wieren 100 Beamten un der Enquête bedeelegt.
Op Videoe gesäit een, wéi vill Blesséierter um Buedem leien an zum Deel reaniméiert ginn.
De kanadesche Premier Mark Carney huet sech via X entsat gewisen iwwer de schrecklechen Incident. Hien huet de Famillje vun den Affer säi Bäileed ausgeschwat.