Wadephul, Reiche, Prien - däitsch Regierung hëlt Form un

© AFP (Archiv)
E Sonndeg sinn éischt Nimm vu Membere vun der neier Regierung an Däitschland duerchgesickert.
D'Chaîne ntv wëll wëssen, dass den CDU-Politiker Johann Wadephul Ausseminister an der neier Regierung ënnert dem Bundeskanzler Friedrich Merz soll ginn.
D'Bildungsministesch vu Schleswig-Holstein Karin Prien soll dat Amt op nationalem Niveau iwwerhuelen.
D'Energie-Managerin a fréier CDU-Deputéiert Katherina Reiche soll ntv no Wirtschaftsministesch ginn.
Den Thorsten Frei, dee bis ewell CDU-Fraktiounschef war, géif de Chef vum Kanzleramt ginn.
D'CSU géif d'Dorothee Bär als Ministesch fir Fuerschung, Technologie a Raumfaart op Berlin schécken.
Den Alexander Dobrindt géif Inneminister ginn.
De Jens Spahn soll Fraktiounschef vun der Unioun vun CDU an CSU ginn.
Als Kulturminister ass de Publizist a Editeur Wolfram Weimer virgesinn.
Eng Confirmatioun vun der Unioun vun dësen Nimm gëtt et net. E Méindeg wëll de Chef vun der CDU Friedrich Merz seng Ministerinnen a Ministere presentéieren. Zäitgläich mam Markus Söder, deen dat zu München fir d'CSU maache wäert.