A Frankräich gëtt weider nom presuméierten Täter gesicht

© AFP
Zum Zäitpunkt vun der Dot waren d'Affer an den Täter eleng an der Khadidja-Moschee.
No engem presuméierten islamfeindlech motivéierte Mord an enger Moschee am Süde vu Frankräich sicht d'Police ënner Héichdrock nom Täter. D'Autoritéite warnen um Weekend, de ronn 20 Joer ale Mann wier "potenziell héich geféierlech" an et kéint zu weidere Strofdote kommen. De Franséische Staatschef Emmanuel Macron huet "Rassismus an Haass opgrond vu Relioun" verurteelt.
E Freideg war et an der klenger Gemeng La Grand-Combe zu der Dot komm. Den Täter huet ee Gleewegen aus dem Mali mat Dosende Messerstéch ëmbruecht. Duerno huet hien de Mann, deen um stierwe louch, gefilmt an dobäi islamfeindlech Sätz gesot.