Déi staatlech Noriichtenagence KCNA huet confirméiert, dass nordkoreanesch Zaldoten hir russesch Kolleegen an der Regioun Kursk wäerten ënnerstëtzen.

Genee Zuele gi keng genannt. Bis ewell hat de Regime zu Pjönjang näischt iwwert en Asaz vun hiren Zaldoten am Ukrainkrich gesot. Bis zu 10.000 Mann sollen awer scho méi laang do sinn.