Friddensfuerschungsinstitut deelt mat
Militärausgabe fir dat 10. Joer hannerteneen nees geklommen

© APA/AFP/Archiv/ERWIN SCHERIAU
Wéinst de ville Konflikter op der Welt iwwerrascht et net wierklech.
Fir dat 10. Joer hannertenee sinn déi weltwäit Militärausgaben am Laf vum leschte Joer nees geklommen.
Knapp 2,4 Billiounen Euro, also 2.400 Milliarde goufen an d’Rëschtung vun Arméien investéiert. Dat sinn inflatiounsberengegt ronn 9,4% méi wéi nach 2023, an domadder déi gréisst Jores-Progressioun zanter dem Enn vum Kale Krich.
Déi Zuelen nennt um Méindeg Sipri, d’Friddensfuerschungsinstitut, mat Sëtz zu Stockholm. Sämtlech NATO-Memberen hätten 2024 méi investéiert, am ganze 55% vun de globalen Ausgaben. D'USA leie weider wäit vir, dono komme China a Russland.
Am meeschte gelies