Kand war eleng ënnerwee
Jong vun 12 Joer stierft an Däitschland no Accident op engem 50ccm-Motorrad

© Lino Mirgeler / DPA / dpa Picture-Alliance via AFP
A Mecklenburg-Vorpommern koum et op engem Feldwee bei Groß Grabow (Landkrees Rostock) zu engem Accident, bei deem e Bouf vun 12 Joer gestuerwen ass.
De Jong war hei op engem klenge Motorrad, engem 50ccm ënnerwee, mat deem een eigentlech eréischt vu 16 Joer u fueren dierf. En ass aus bis ewell ongekläerter Ursaach vum Wee ofkomm an an e Bam gerannt, wéi d'Police vu Rostock matdeelt. En ass nach op der Plaz u sengen uerge Blessure gestuerwen.
Et gouf eng Enquête an d'Weeër geleet, fir ze klären, wisou de Jong iwwerhaapt mat deem 50ccm-Motorrad ënnerwee war, mat deem e guer net hätt dierfe fueren.
Am meeschte gelies