Johann Wadephul gëtt Ausseminister, Alexander Dobrindt neien Inneminister

© AFP/Archiv/INA FASSBENDER
De Chef vun der CDU, de Friedrich Merz, huet déi designéiert Ministere vu senger Partei fir déi schwaarz-rout Regierung an Däitschland bekannt ginn.
Ënnert senger Féierung als Kanzler soll den Deputéierte Johann Wadephul Ausseminister ginn, déi fréier Staatssekretärin fir Ëmwelt a Verkéier, d'Katherina Reiche, soll nei Wirtschaftsministerin ginn. De Karsten Wildberger vum Media-Markt-Saturn-Grupp kritt den neie Ministère fir Digitales an Staatsmoderniséierung. D'Nina Warken gëtt Gesondheetsministesch, de Patrick Schnieder, Deputéierten aus der Äifel a fréiere Member vum Parlamentariergrupp fir Lëtzebuerg an d'Belsch gëtt neie Verkéiersminister. Kulturminister gëtt de fréiere Chefredakter vun der "Welt" Wolfram Weimer. De Ressort vum Sport an dem Benevolat kritt d'Christiane Schenderlein a Ministesch fir Bildung, Famill, Senioren, Fraen a Jugend soll d'Karin Prien ginn.
Kuerz duerno huet dunn och d'CSU hir Ministere matgedeelt, dat nodeems däitsch Medien am Virfeld schonn eng Rei Nimm genannt hunn: Ministesch fir Fuerschung, Technologie a Raumfaart gëtt deemno d'CSU-Vizepresidentin Dorothee Bär, Agrarminister gëtt den Alois Rainer a Minister fir dat Bannenzegt wéi erwaart den Alexander Dobrindt.
D'SPD wëll hir Ministere réischt bekannt maachen, wann d'Partei-Membere gréng Luucht fir de Koalitiounsvertrag ginn hunn, dat soll e Mëttwoch geschéien.