Russland huet eng Wafferou an der Ukrain vum 8. bis den 11. Mee annoncéiert.

Géif d'Ukrain sech net un d'Wafferou halen, géif Russland allerdéngs direkt reagéieren. Iwwert déi Deeg fält och den 80. Joresdag vun der Victoire vun der Sowjetunioun iwwer Nazidäitschland den 9. Mee, et ass also dovunner auszegoen, datt d'Decisioun mat de Feierlechkeete vun deem Dag zesummenhänkt.