Massive Stroumausfall a Spuenien a Portugal, och Frankräich war zum Deel betraff
E Méindeg ass et op der ibeerescher Hallefinsel zu engem groussflächege Stroumausfall komm.
Wéi de portugiseschen Netzbedreiwer "REN" matdeelt, wier déi ganz ibeeresch Hallefinsel betraff. A Portugal wier d'Stroumversuergung zanter 12.33 Auer lokaler Zäit ënnerbrach.
Vum spueneschen Netzbedreiwer "Red Eléctrica" heescht et, dass ee mat de lokalen Energie-Fournisseuren géing zesummeschaffen, fir d'Energieversuergung nees op d'Been ze stellen. Am Norden an am Süde vum Land wier dat och schonn zum Deel gelongen. Ma et kéint bis zu 10 Stonnen daueren, éier d'Stroumversuergung nees am ganze Land hiergestallt wier.
Och verschidde Regiounen a Frankräich waren zäitweis ouni Stroum. Dem Netzbedreiwer "RTE" no wier de Probleem hei antëscht awer nees behuewen.
EU-Kommissioun ass a Kontakt mat den nationalen Autoritéiten
D'Europäesch Kommissioun huet dann och matgedeelt, dass si a Kontakt mat de jeeweils zoustännegen Autoritéite vun deenen eenzele Länner wier. Et hätt een d'Situatioun am Bléck an et géif ee fir e méiglechst gudden Informatiounsaustausch tëscht den Acteure suergen, déi un enger Léisung vum Probleem schaffen.
Verkéiersluuchten an Internet ginn net, Fligeren an Zich och betraff
De Blackout huet dann och Repercussiounen op den ëffentlechen Transport respektiv d'Reese vun de Leit. A verschiddene Regioune goufen d'Zich evakuéiert an déi portugisesch Fluchgesellschaft "TAP" huet d'Leit, déi eng Rees mat hir gebucht hunn, ugewisen, bis op Weideres net op d'Fluchhäfen ze kommen. Vollen, déi aus Portugal a Spuenien op Lëtzebuerg kommen, hunn och Retard. Sou huet beispillsweis de Barcelona-Vol vun der Luxair, deen um 17.30 e Méindegowend Owend sollt landen, eng Stonn affichéierte Retard. D'Aller-Vollen, déi e Méindeg den Owend vum Findel aus op d'ibeeresch Hallefinsel erausginn, si bis op Weideres am Planning an net annuléiert oder verspéit.
Donieft sinn dann och d'Verkéiersluuchten ausser Betrib.
A Spuenien ginn et den Ament och Probleemer mam Internet, an d'Telefon- an Handy-Netz funktionéiert den Ament och net.
De Buergermeeschter vu Madrid huet d'Bewunner vun der Stad opgefuerdert, ze bleiwen, wou se sinn a sech net onnéideg ze deplacéieren.