Net wäit vu Lëtzebuerger Grenz ewech
Fra no Schëss zu Tawern (D) schwéier blesséiert, presuméierten Täter ass dout

© Agentur SIKO
Am däitschen Tawern, net wäit vu Gréiwemaacher ewech, war jo e Méindeg de Moien op eng 55 Joer al Fra geschoss ginn. Si gouf dobäi schwéier blesséiert.
Verdächtegt gouf de 64 Joer ale Partner vun der Fra, dee sech an enger Wunneng verschanzt hat. Wéi d'Beamte vun der Police d'Wunneng géint 14 Auer gestiermt hunn, war hien dout opfonnt ginn. D'Haiser a Wunnenge ronderëm hu mussen evakuéiert ginn, d'Police betount awer, datt zu kengem Zäitpunkt eng Gefor fir d'Bevëlkerung bestanen hätt. Déi 55 Joer al Fra gëtt den Ament am Spidol behandelt.
©
Agentur SIKO
©
Agentur SIKO
Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Am meeschte gelies