E Groussbrand um Site vun engem Betrib am Musel-Hafen zu Tréier huet d’Pompjeeë bis an d'Nuecht eran an Otem gehalen,

schulhoMéi wéi 200 Secouristen wieren dem Trierischer Volksfreund no am Asaz gewiescht. Ee Pompjee wier liicht blesséiert ginn.

De Brand war e Méindeg am Nomëtteg ausgebrach, wéi e Koup mat Elektro-Schrott Feier gefaangen hat. D’Awunner vu méi Tréierer Quartiere waren opgeruff präventiv d’Fënsteren zouzeloossen.

RTL

© Siko