Véier Doudesaffer bei Amokfaart am Illinois
Mann fiert mam Auto an eng Maison relais

© AFP (Archiv)
Der Police aus dem US-Bundesstaat Illinois no sollen d'Doudesaffer tëscht 4 an 18 Joer al sinn.
Am US-Bundesstaat Illinois ass ee Mann mat sengem Auto an eng Maison relais gefuer an huet dobäi op d'mannst véier Mënschen an den Doud gerappt. Zu Chatham, südlech vun der Stad Springfield, soll et e Méindeg géint 15.20 Auer zum Tëschefall komm sinn.
Bei den Doudesaffer soll et sech ëm Kanner a Jugendlecher tëscht 4 an 18 Joer handelen, wouvun der dräi virum Gebai déidlech verwonnt goufen an eng weider Persoun nach am Gebai selwer. Wéi d'Police vun der Plaz mellt, soll et sech dobäi ëm eng virsätzlech Dot gehandelt hunn.
Am meeschte gelies