A Kanada wënnt déi Liberal Partei d'Parlamentswalen, wäert awer wuel als Minoritéitsregierung musse weidermaachen.

De kanadesche Premierminister Mark Carney huet d'Wieler wuel vu sech iwwerzeegt. De Prognosen no geet seng liberal Partei als Gewënner aus de Parlamentswalen ervir. Esouwuel den ëffentlech-rechtleche Fernseesender "CBC" ewéi och déi privat Chaîne "CTV" hunn e Méindegowend lokaler Zäit virausgesot, dass déi Liberal déi nächst kanadesch Regierung wäerte stellen. Kuerz virun 1 Auer en Dënschdegmoien huet "CTV" da gemellt, dass d'Partei vum Carney wuel als Minoritéitsregierung wäert musse regéieren.

Dem offizielle Site vun de kanadesche Walen "Elections Canada" no kënnt déi Liberal Partei op 166 Sëtz. 172 wieren néideg gewiescht, fir d'Majoritéit ze kréien. Déi Konservativ Partei kënnt op 146 Sëtz. 23 Sëtz ginn un de Bloc Québécois, 7 un d'NDP an 1 un déi Gréng.

De Mark Carney war de 14. Mäerz d'Nofolleg vum Justin Trudeau als kanadesche Regierungschef ugetrueden. Dësen hat no ronn zéng Joer un der Muecht vun dësem Posten demissionéiert. D'Liberal Partei regéiert a Kanada zanter 2015, dat allerdéngs zanter 2019 als Minoritéitsregierung.
 
D'Wale waren ënner anerem gepräägt vun de Menacen, déi den US-President Donald Trump géigeniwwer Kanada gemaach huet. Zanter e puer Méint dreet hie jo domat, Kanada als 51. amerikanesche Bundesstaat ze annektéieren. Virun de Walen hat hien d'Kanadier dozou opgeruff, fir hie selwer als President vun engem vergréisserte Staat ze wielen. Op senger Social-Media-Plattform "Truth Social" huet hien de Wieler gesot, si sollten dee Mann wielen, deen hir Steiere kéint ëm d'Hallschent reduzéieren an hir militäresch Muecht op de weltwäit héchsten Niveau hiewen.