Am Kontext vun den US-Stroftaxe wollt de Piraten-Deputéierte Sven Clement Prezisiounen zu den Impakter vun dësen op déi Lëtzebuerger Wirtschaft wëssen.

Um Dag, wou et iwwerall Bilanen iwwer déi 100 éischt Deeg vum US-President Trump ginn, kënnt een net laanscht den Impakt vun den US-Stroftaxen op Wueren, déi an d'USA importéiert ginn. Hei am Land si potentiell 460 Betriber vun dësen Taxe betraff, well se an d'USA exportéieren. 41 Firmen handele mat Materialien, déi am Transport-Domaine agesat ginn.

Den ekonomeschen Impakt wëllen d'Ministeren Delles, Bettel a Roth iwwerdeems net chiffréieren, wëll déi verschidde Facteuren ze vill komplex wieren, mee de Statec schafft aktuell u sou enger Projektioun. Ënnert anerem spillt de Wiesselcours vum US-Dollar jo eng decisiv Roll.

D'Ministere schwätze vun historesch héijen Tarif-Haussen, wa se dann esou ëmgesat ginn, wéi vun der Trump-Regierung annoncéiert. Och d'Finanzservicer am Land riskéieren de Ministeren no e potenzielle Risk duerch Akommes- a Steierperten.

Fir d'komplett Tarif-Eskalatioun ze verhënneren, setzt d'CSV-DP-Regierung iwwerdeems op eng proportional ugepasst Äntwert vun der EU. Déi dräi Ministeren haten op eng parlamentaresch Fro vum Piraten-Deputéierte Sven Clement geäntwert.