En Dënschdeg ass et honnert Deeg hier, dass den Donald Trump als 47. President vun den USA vereedegt gouf.

Zäit also fir den traditionelle Bilan vun der Aarbecht ze zéien, déi hie bis elo geleescht huet.

"Ech regéieren d'Land an d'Welt"

Wéi een et vum Donald Trump géif erwaarden, weist hie sech no sengen éischten honnert Deeg am Amt trotz Baissë bei den Ëmfrowäerter an enger ekonomesch ugespaanter Situatioun vu sech selwer a senger Aarbecht iwwerzeegt. Am Interview mam Magasinn "The Atlantic" sot hien, dass hien a senger éischter Amtszäit zwou Erausfuerderunge gehat hätt: D'Land regéieren an iwwerliewen. Hie wier als President vu korrupten an onéierleche Leit ëmgi gewiescht. Ma elo géif hien d'Land an d'Welt regéieren an hätt dobäi nawell vill Spaass.

D'Walkampf-Verspriechen: Manner Migratioun, niddereg Präisser an en Enn vum Krich an der Ukrain

Am Walkampf huet den Donald Trump dräi Verspriechen ëmmer nees widderholl: Hie géif bei der illegaler Migratioun duerchgräifen, fir niddereg Präisser suergen an de Krich an der Ukrain bannent den éischte 24 Stonnen no senger Inauguratioun op en Enn bréngen.
 
Op d'mannst bei sengem Verspriechen, d'Kontroll iwwer d'Grenz ze kréien, schéngt den Donald Trump Progrès ze maachen. Dorop deiten Zuelen hin, déi d'Noriichtenagence AP nennt. Wärend am Joe Biden sengem leschte komplette Mount als US-President am Dezember zejoert nach 4.324 Leit gezielt goufen, déi versicht haten, illegal iwwert déi mexikanesch-amerikanesch Grenz ze kommen, waren et der am Februar nach 8.346 an am Mäerz nach 7.181.
 
Bei de Präisser fir d'Konsumente war d'Inflatioun an den éischte Méint vum Donald Trump senger Amtszäit méi staark ewéi vun den Ökonome virausgesot. Am Februar louch se bei 3 %, prognostizéiert waren der 2,7. Am Mäerz louch d'Präisdeierecht nach bei 2,4 Prozent, wat den Donald Trump dozou bruecht huet, ze soen, dass de Probleem vun der Inflatioun geléist wier. Ma d'amerikanesch Zentralbank huet scho gewarnt, dass d'Taxen, déi op Importer aus der ganzer Welt sollen erhuewe ginn, héchstwarscheinlech nees zu enger Präishausse wäerte féieren.
 
Kaum nennenswäert Fortschrëtter goufen et bis ewell beim Verspriechen, de Krich an der Ukrain op en definitiivt Enn ze bréngen. Dat trotz dem Versuch, den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj massiv ënner Drock ze setzen a quasi zum Opginn ze zwéngen. D'USA hu wuel bei indirekte Gespréicher an der saudi-arabescher Haaptstad Riad tëscht Russland an der Ukrain vermëttelt. Erauskomm ass dobäi en Accord iwwer eng Wafferou am Schwaarze Mier an engem Stopp vun den Attacken op d'Energie-Infrastruktur vu béide Länner. Ma Russland huet d'Akraafttriede vun dësem Accord direkt un nei Konditioune gekoppelt. Iwwerdeems ginn d'Attacken op ukrainesch Stied onverännert virun.

Eng Rekordzuel vun Exekutiven Uerderen

Déi éischt Woche vum Donald Trump senger zweeter Amtszäit ware virun allem gepräägt duerch d'Ënnerschreiwe vun enger Abberzuel vun Exekutiven Uerderen. 141 dëser Dekreeter huet hie bis ewell ënnerzeechent, esou vill ewéi nach keen anere President zu dësem Zäitpunkt an enger Amtszäit. A senger éischter Amtszäit waren et der no 100 Deeg grad emol 33.
 
Mat dësen huet hien ënner anerem Persoune begnodegt, déi wéinst dem Stuerm op de Kapitol de 6. Januar 2021 verurteelt goufen, huet versicht, den Droit du sol ofzeschafen an huet staatlech Programmer fir Inclusioun an Diversitéit gestoppt.

Ëffentlech Kritik a rechtleche Sträit: D'Deportatioun vu Migranten an El Salvador

Trotz enger staarker Baisse vun de versichten illegale Grenziwwertrëtter steet dem Donald Trump seng Regierung och beim Sujet vun der Migratioun ëmmer méi an der Kritik. Dat virun allem wéinst dem Virgoe beim Deportéiere vu Migranten aus El Salvador a Venezuela. Zanter Mäerz goufen op d'mannst 271 Männer aus dëse Länner vun Agente vun der Immigratiounspolice "ICE" op oppener Strooss verhaft an an El Salvador deportéiert, wou si ouni Prozess am Héichsécherheetsprisong "CECOT" inhaftéiert goufen.
 
Fir ëffentlech Kritik huet hei ënner anerem d'Deportatioun vum Kilmar Abrego Garcia, engem Mann aus dem Bundesstaat Maryland gesuergt. Dëse gouf, wéi d'Regierung antëscht selwer zouginn huet, wéinst engem administrative Feeler deportéiert. De Supreme Court huet dann och schonn tranchéiert, dass d'Regierung déi néideg Schrëtt muss ënnerhuelen, fir dass de Mann zeréck an d'USA kënnt. Ma esouwuel déi amerikanesch wéi och déi salvadorianesch Regierung weigere sech, eppes an dës Richtung ze ënnerhuelen.

Sträit ëm Taxen an en Handelssträit mat China

Fir ekonomesch Onrouen an e Biewen op de Bourssen hunn dann déi vum Donald Trump annoncéiert Taxen op Importer gesuergt. Nodeems den Donald Trump den 2. Abrëll Import-Taxen op quasi déi ganz Welt annoncéiert huet, sinn d'Coursen op de Bourssen uechter d'Welt agebrach. Ronn eng Woch drop huet den Donald Trump dann annoncéiert, e Groussdeel vun den Taxe fir 90 Deeg auszesetzen. No der Decisioun vun der EU-Kommissioun, hirersäits d'Taxen op US-Produiten och fir 90 Deeg auszesetzen, hunn d'Boursse sech nees eenegermoossen erkritt.
 
Den Handelssträit mat China huet sech dogéint ëmmer weider zougespëtzt. Aktuell gëlle fir quasi alleguer d'chineesesch Importer an d'USA Importtaxe vun op d'mannst 145%. Fir Stol, Aluminium an Autoe kommen nach eng Kéier 25% dobäi. Eng Ausnam gëllt fir Smartphonen, Computeren an aner elektronesch Géigestänn, bei dëse falen Taxen an Héicht vu 25% un. China huet da sengersäits mat Importtaxe vun op d'mannst 125% op all d'US-Importer reagéiert.

Den Donald Trump schéngt allerdéngs der Meenung ze sinn, wirtschaftspolitesch dat richtegt ze maachen. Ënner sengem Virgänger dem "Sleepy Joe" hätten d'USA all Dag Milliarden Dollar verluer. Ma ënnert him selwer géif et elo nees biergop goen an et géif ee geschwënn e Verméige maachen.

Baisse an den Ëmfroen, ma déi eegen Unhänger bleiwen trei

Zanter dem Donald Trump sengem Amtsuntrëtt ass den Undeel vun den Amerikaner, déi mat der Aart a Weis, wéi hien d'Land regéiert, zefridde sinn, ëmmer manner ginn. Enger Ëmfro vun der Washington Post no sinn nëmmen nach 39% mam Donald Trump als President zefridden. An enger Ëmfro vun CNN no sinn et der nach 41% an enger Ëmfro vun NBC no nach 45%. Mat Ausnam vum Bill Clinton, haten all US-Presidenten zanter de Ronald Reagan no hiren éischten 100 Deeg am Amt eng Zoustëmmung vun op d'mannst 50%.
 
Allerdéngs schätzen d'Unhänger vun deene verschiddene Parteien dem Donald Trump seng Performance als President ganz ënnerschiddlech an. Wärend 75% vun de Republikaner mat senger Aarbecht zefridde sinn, sinn et 93% vun den Demokraten net.

Den Donald Trump selwer hält iwwerdeems näischt vun alleguer den Ëmfroen, an deene seng Aarbecht net esou gutt ewechkënnt. Dës wieren, sou den US-President op "Truth Social", "Fake".