Op d'mannst 22 Doudeger no Feier an engem Restaurant

© Xinhua / Xhinhua via AFP
Wéi d'staatlech chineesesch Tëlee mellt, si bei engem Feier an der Stad Liaoyang am Nordoste vum Land op d'mannst 22 Leit gestuerwen an 3 blesséiert ginn.
D'Feier war wärend der Mëttesstonn an engem Restaurant ausgebrach, heescht et weider. De chineesesche Staatschef Xi Jinping huet d'Secouristen ugewisen, alles ze maachen, fir déi Blesséiert ze behandelen. Firwat d'Feier ausgebrach ass, ass bis ewell net gewosst.
A China kënnt et reegelméisseg zu gréissere Bränn, well dacks Bau- oder Sécherheetsvirschrëften net genuch oder guer net agehale ginn. Réischt Uganks vum Mount koum et an engem Altersheem am Norde vum Land zu engem Feier, dat 20 Leit d'Liewe kascht huet.