Amnesty International presentéiert Joresrapport

© AFP
E Méindeg huet Amnesty International hire Joresrapport 2024/25 iwwer d'Lag vun de Mënscherechter weltwäit virgestallt. De Bilan ass alarmant.
A ville Länner ginn d'Mënscherechter ënnerdréckt, dat duerch Krich, Gewalt a politesch Repressioun. Wat leeft falsch a wéi eng Roll ka Lëtzebuerg do spillen? E puer Haaptpunkte stiechen am Rapport eraus.
D'Hausse vun autoritäre Praktiken, d'Ënnerdréckung vu politesche Géigner a Journalisten an d'Passivitéit vis-à-vis vu Mënscherechtsverletzungen. An de leschten 12 Méint huet d'Lag sech verschäerft, virun allem duerch Konflikter a Repressioun. D'Trump-Administratioun hätt den Trend méi schlëmm gemaach. Rieds geet vum sougenannten "Trump-Effekt". Déi zukünfteg Generatioun wier ëmmer méi a Gefor, betount de Generaldirekter vun Amnesty International Luxembourg, David Pereira:
"Mat deene Politicken hunn d'Länner, hunn d'Regierunge ganz kloer eis Jugend, déi zukünfteg Generatioune, verlooss. Fréier, ech ka mech nach erënneren, wou een alles gemaach huet, fir datt déi nächst Generatiounen et besser sollte kréien. An haut huet een d'Gefill, dass et egal ass, wat no mir geschitt. Dat heescht, ech kucken, dass ech mäi Profit kréien, dass ech dat bescht dorausser maachen an déi aner, déi musse kucken, dass se eens ginn. A wann een do un de Klimawandel denkt, dat ass eng Bedroung géint eis zukünfteg Generatiounen."
Regierunge gi mat ëmmer méi repressive Methode géint Manifestanten an Aktiviste vir. D'Pressefräiheet, Meenungsfräiheet a Gläichberechtegung stinn op ville Plazen ënner Drock. Och Gewalt géint Fraen hëlt a ville Länner ëmmer méi zou, sou Amnesty International.
"Et muss ee wëssen, dass och d'Fraen immens vill ënner Drock gesat ginn, op jidder Fall am Iran, Saudi-Arabien souwisou, och aner Länner, wou ebe Gesetzer ofgestëmmt ginn, wou d'Fraen net méi däerfen dobaussen einfach fräi liewen a sech beweegen, well do riskéiere se och, d'Liewen ze verléieren. Dat si richteg Mënscherechtsverletzungen, déi dann do ofgestëmmt goufen."
D'Associatioun schwätzt vun enger weltwäiter Dynamik, wou d’internationaalt Recht ëmmer méi ignoréiert gëtt, wéi zum Beispill an der Gazasträif. Amnesty warnt: Wa kee méi fir d'Reegelen an hir Kontroll suergt, briechen ëmmer méi Staaten dës.
"Wann ee mierkt, datt ee Mesurë kann huelen, déi géint Mënscherechter ginn, géint d’internationaalt Recht, an do ass een net zur Rechenschaft gezunn, ma da léieren d’Leit, dass jiddereen dat ka maachen. Dat heescht, aner autokratesch Systemer, déi ginn dann nach méi schlëmm géint Mënschen, géint d'Fräiheeten ervir. An dat ass eppes, wat mir musse vermeiden. An do musse mir vill méi eis ganz Energien do drasetzen, datt eeben déi fundamental Rechter a Fräiheete respektéiert ginn."
Och Lëtzebuerg kéint an dëser Situatioun eng wichteg Roll spillen, erkläert den David Pereira:
"Mir hunn eng ganz interessant Situatioun, mir sinn e klengt Land, mir si relativ flexibel. A wann ee gesäit, déi Efforten, déi gemaach goufen, fir eeben esou vill Nationalitéiten och ënnert den Hutt ze kréien, dat ass immens luewenswäert, déi Integratioun. Lëtzebuerg kéint do wierklech e Modell opstelle mat der Zivilgesellschaft, mat den Associatiounen, och en Afloss hunn um europäeschen Niveau par rapport zur Europäescher Unioun a couragéis Positiounen anhuelen."
Wichteg wier et, d'Mënscherechter weiderhin national an international ze verdeedegen.