Den Donald Trump huet direkt e puer Persounen, déi vu sengem Virgänger an de Verwaltungsrot beruff goufen, vun hire Posten enthuewen.

De Mann vun der fréierer Kandidatin vun den Demokrate fir d'Presidentielle Kamala Harris gouf vun hirem Ex-Konkurrent an aktuellen US-President Donald Trump aus dem Verwaltungsrot vum Holocaust-Museum zu Washington entlooss. Dat huet den Douglas Emhoff selwer matgedeelt. Dëse wërft dem Trump via "X" vir, datt seng Entloossung politesch motivéiert ass. "D'Gedenken un den Holocaust an d'Holocaust-Bildung sollt ni politiséiert ginn", esou den Emhoff.

"Eng vun de schlëmmsten Doten an der Geschicht zu engem Sträitthema ze maachen, ass geféierlech an entéiert d'Gedenken, dat vun dësem Musée héichgehale soll ginn, un déi sechs Millioune Judden, déi vun den Nazien ëmbruecht goufen", esou ass weider am Text ze liesen. Hie géif sech awer weider fir d'Gedenke vum Holocaust asetzen, esou den Emhoff.

De Mann vun der Kamala Harris ass selwer vu jüddeschem Glawen a gouf vum Trump sengem Virgänger Joe Biden an de Verwaltungsrot vum Musée beruff. 55 vun den 63 Membere vum Rot ginn normalerweis vum President agesat.

Engem Bericht vun der "New York Times" no huet den Donald Trump nach aner Memberen, déi vu sengem Virgänger agesat goufen, entlooss. Dorënner och de Ron Klain, ee fréiere Spëtzeberoder vum Joe Biden, an déi fréier Sécherheetsberoderin vum Barack Obama Susan Rice.

Den Donald Trump hat am Februar och méi Membere vum Verwaltungsrot vum Kennedy Center zu Washington entlooss a sech selwer zum Virsëtzende vum Kulturzentrum ernannt. Dëst war e Schratt, deen et bis elo nach ni gouf. Hie géif sécherstellen, datt et do keng "woke" Virstellunge méi gëtt, esou den US-President, deen och annoncéiert huet, Optrëtter vun Drag Queens ze verbidden.