SPD stëmmt fir Koalitioun mat CDU/CSU

© HARALD TITTEL / DPA / dpa Picture-Alliance via AFP
No CDU an CSU huet e Mëttwoch och d'SPD hiren Accord fir eng grouss Koalitioun an Däitschland ginn.
D'Parteispëtzt hat jo nom Enn vun de Koalitiounsverhandlungen decidéiert, d'Parteibasis iwwer de Koalitiounsaccord, dee mat den Uniounsparteien ausgehandelt gouf, ofstëmmen ze loossen. D'Resultat vun deem Vott louch e Mëttwochmoie vir: 84 Prozent vun de Memberen hu sech fir eng grouss Koalitioun ausgeschwat.
D'Sozialdemokraten hate sech an den Negociatioune mat CDU an CSU jo siwe Ministerposte geséchert. D'Besetzung vun engem vun dëse schéngt dann och scho festzestoen. Wéi d'Noriichtenagence AFP mellt, wier een aus Parteikreesser gewuer ginn, dass den SPD-Chef Lars Klingbeil Finanzminister a Vizekanzler wäert ginn.
De 47 Joer ale Klingbeil zielt an der SPD zum konservative "Seeheimer Kreis". Hien ass zanter Dezember 2021 zesumme mat der Saskia Esken Co-Parteichef vun de Sozialdemokraten.
Spéitstens e Méindeg sollen d'Nimm vun deenen aneren SPD-Ministeren a Ministerinne gewosst sinn.