Mann soll 12.000 Euro fir SEK-Asaz bezuelen

© AFP (Archiv)
De Mann aus Osnabrück war bei der Futtball-EM 2024 ënnert den Daach vum Westfalenstadion zu Dortmund geklommen.
D'Police vun Dortmund huet dem Mann iwwer Postwee matgedeelt, datt hien 12.076,93 Euro fir den Asaz bezuele soll, dat huet e Police-Spriecher e Mëttwoch matgedeelt. E Groussdeel vun der Zomm - 9.973,00 Euro - ass fir Personalkäschten. Um Asaz waren 108 Polizistinnen a Poliziste bedeelegt, dorënner och de "Spezialeinsatzkommando" (SEK). De Rescht vun der Zomm wier duerch d'Iwwerpréiwung an d'Perquisitioun vum Rucksak vum Mann duerch Beamte vum Landeskriminalamt NRW wéi och fir den Asaz vum Policehelikopter entstanen.
De Mann ka géint d'Decisioun vun der Police Klo virum Verwaltungsgeriicht Gelsenkirchen areechen, sou de Spriecher. Medieberichter no soll den Affekot vum Mann schonn annoncéiert hunn, dat och ze maachen.
De Mann war den 29. Juni 2024 wärend dem EM-Aachtelsfinallmatch tëscht Däitschland an Dänemark ënnert den Daach vum Westfalenstadion geklotert. D'Police hat hie bis un d'Enn vum Match iwwerwaacht, duerno huet den SEK hien erofgeholl. Bei der Festnam gouf de Rucksak vum Mann op Sprengstoff ënnersicht. Fonnt gouf Kamera-Material. Den Ermëttler géintiwwer hat de Mann erkläert, hie wier op den Daach geklommen, fir "gutt Fotoen" ze maachen.