Rostoff-Ofkommes tëscht der Ukrain an den USA kuerz virun Ofschloss

Titan-Minn an der ukrainescher regioun Schytomyr / © AFP
No laange Verhandlunge soll d'Ofkommes tëscht der Ukrain an den USA, fir en Accès op seele Rostoffer a Mineralien ze kréien, e Mëttwoch ënnerschriwwe ginn.
D'Wirtschaftsministerin Julia Swyrydenko wier um Wee op Washington, wou si e Mëttwoch den Owend d'Ofkommes ënnerschreift, wéi en héichrangege Vertrieder vun der Regierung zu Kiew matgedeelt huet.
Mam Ofkommes sollen d'USA als Géigeleeschtung fir hir militäresch Ënnerstëtzung en Zougang zu Rostoffer an der Ukrain souwéi Mineralien zougeséchert kréien. Et wier an deem Kader e gemeinsame Fonds geplangt. Eng Hallschent dovun soll der Ukrain beim Neesopbau hëllefen. Anescht wéi vum US-President Donald Trump e puer Mol gefuerdert, sollen d'Scholde vun der Ukrain wéinst den US-Militärhëllefen, déi d'Land scho kritt hätt, net mat an de Fonds agerechent ginn. Zukünfteg US-Militärhëllefe ginn allerdéngs als Bäitrag vun den USA fir de Fonds matgezielt.
Froen zu méiglechen US-Sécherheetsgarantië fir d'Ukrain als Deel vum Ofkommes huet de Regierungsvertrieder zu Kiew net kommentéiert. Aus Washington hat et jo ëmmer nees geheescht, dass d'Presenz vun US-Entreprisen an der Ukrain zukünfteg Aggressioune vu Moskau verhënneren. Kiew verlaangt allerdéngs esou Garantien, fir Russland ofzeschrecken.
Déi endgülteg Versioun vum Ofkommes muss nach vun der ukrainescher Regierung ofgeseent ginn, heescht et nach vu Kiew.
D'Ofkommes hätt u sech scho sollen Enn Februar bei engem Besuch vum ukrainesche President Selenskyj zu Washington ënnerschriwwe ginn. Do koum et jo zum Eclat, wéi den US-President Trump a säi Vizepresident JD Vance dem ukrainesche Staatschef viru lafender Kamera Respektlosegkeet an e Manktem un Dankbarkeet fir d'US-Militärhëllefe virgeworf haten.
An der Ukrain fënnt ee ronn 5 Prozent vun de weltwäite Buedemschätz. Dës sinn zum Groussdeel nach net erschloss ginn a schwiereg ze bebauen. Vill Virkomme sinn donieft a besate Gebidder ënner russescher Kontroll.