D’Arméi- a Verdeedegungsministesch Yuriko Backes an den Vize-Premier an Ausseminister Xavier Bettel waren e Mëttwoch mat enger Delegatioun an der Ukrain.

D’Visitt an der Haaptstad Kiew war ugesat fir just een Dag. Iwwer Nuecht vun dënschdes op mëttwochs mam
Nuetszuch aus Polen dohin a mëttwochs owes nees zeréck. Mat am Gepäck eng Delegatioun aus dem Defense-, dem Aussen- an dem Kooperatiounministère an 11 Journalisten.

Zanter dem Ufank vum Krich ënnerstëtzt Lëtzebuerg d’Ukrain mat bal 1 Milliard Euro.
"Mir hunn d’Ukrain vum éischten Dag un ënnerstëtzt a mir wäerten et sou laang maachen, wéi si op eis ugewisen sinn." Dat wier och am Interêt vun der europäescher Sécherheet, sot d’Yuriko Backes op enger gemeinsamer Pressekonferenz mam Lëtzebuerger an mam ukraineschen Ausseminister um Mëttwochmëtteg.

Ministere Backes a Bettel op Visitt zu Kiew: Zouso vu weiderer Ënnerstëtzung
Nieft politesche Rendez-vousen hunn déi ukrainesch Autoritéiten der Lëtzebuerger Delegatioun d’Realitéit vum Krich zu Kiew gewisen.

Donieft konnte béid Lëtzebuerger Ministeren den Ukrainer weidere finanzielle Support garantéieren. Engersäits gëtt de Lëtzebuerger Defensebudget 2025 fir d’Ukrain ëm 10 Milliounen Euro an d’Luucht gesat, also vun 80 op 90 Milliounen Euro. Anerersäits kréien d’Ukrainer vun der Kooperatioun 10 zousätzlech Milliounen, déi an den Neesopbau vun der Energie-Infrastruktur solle fléissen. Eng weider Millioun geet un d’Fondatioun Olena Selenska. Dat ass d’Fondatioun vum ukrainesche President Selenskyi senger Fra, déi Kanner betreit, déi traumatesch Erfarungen am Krich gemaach hunn.

Nieft de politesche Rendez-vousen hunn déi ukrainesch Autoritéiten der Lëtzebuerger Delegatioun d’Realitéit vum Krich zu Kiew, eng 300 Kilometer hannert der Frontlinn, gewisen.

En Donneschdeg virun enger Woch, de 24. Abrëll hunn d’Russen e Wunnquartier an der Haaptstad bombardéiert. Dobäi sinn 9 Leit ëm d’Liewe komm, an iwwer 60 goufe blesséiert. Op der Plaz hunn de Xavier Bettel an d’Yuriko Backes Käerzen ugefaangen, fir den Affer ze gedenken a mat den Fräiwëllegen ze schwätzen, déi elo scho mam Opraumen a mat der Rekonstruktioun beschäftegt sinn.

E weideren Ugrëff, deen och international fir vill Kritik gesuergt huet, war de Bombardement vun engem Kannerspidol matzen am Häerz vun Kiew, den 8. Juli zejoert. D’Ministere waren sur place, fir sech e Bild vun der Zerstéierung
ze maachen. Och do ass een nees ganz intensiv mam Nees-Opbau beschäftegt.

Relativ zum Schluss vum Ordre du Jour stoung d’Entrevue mam Wolodymyr Selenskji, bei där d'Press aus Sécherheetsgrënn net dierft derbäi sinn. Duerno hunn esouwuel d’Arméisministesch Backes wéi och den Ausseminister Bettel de Courage vun den Ukrainer ënnerstrach. Sur place Presenz ze weisen mat zwee Ministeren an enger ganzer Delegatioun, géing weisen, dass et der Lëtzebuerger Regierung net einfach drëm geet, e Check ze schreiwen, mee wierklech Solidaritéit ze weisen.