Washington a Kiew hunn no wochelaange Verhandlungen en Ofkommes iwwer d'Finanzéierung vum Neiopbau vun der Ukrain ofgeschloss.

Déi ukrainesch Vizepremierministesch a Finanzministesch Julia Swyrydenko an den amerikanesche Finanzminister hunn déi entspriechend Verträg e Mëttwochowend lokaler Zäit an der US-Haaptstad Washington D.C. ënnerschriwwen.

D'Ofkommes gesäit e Fong vir, iwwert deen den Ofbau vun ukrainesche Rostoffer ewéi Mineralien, Ueleg a Gas finanzéiert gëtt. Wéi déi ukrainesch Vize-Regierungscheffin an dësem Zesummenhang op Facebook erkläert huet, géifen alleguer d'Besëtzrechter bei der Ukrain bleiwen. Eleng den ukrainesche Staat géif decidéieren, wou a wat géif ofgebaut ginn. D'Julia Swyrydenko huet weiderhin erkläert, dass de Fong Investitiounen aus der ganzer Welt an d'Ukrain wäert bréngen.

Den US-Finanzminister Scott Bessent huet an engem Videomessage vun engem "historesche Wirtschaftsofkommes" geschwat. Nach éier d'Ofkommes um Mëttwoch ënnerschriwwe gouf hat iwwerdeems den amerikanesche President Donald Trump betount, dass d'USA fir hire Support vun der Ukrain eng Géigeleeschtung géife verlaangen. "Mir hu gesot: 'Seelen Äerden'. Si hu ganz gutt Seelen Äerden", sou den US-President.

Och den en ukrainesche Premier Denys Schmyhal huet sech zefridde mam Ofkommes gewisen. Kiew géif sech zu kenge Scholden fir déi vun den USA geleeschte finanziell a militäresch Hëllef verflichten an alleguer d'Beneficer aus dem Fong géifen an der Ukrain investéiert ginn.

Vum Scott Bessent huet et dann nach geheescht, dass d'Ofkommes d'Verflichtung vu béide Säiten zu engem dauerhaften a stabille Fridden an der Ukrain géing weisen. Et wier e kloert Signal vun der US-Regierung, dass een e Friddensprozess géing ustriewen, deen der Ukrain e laangfristege Fridden, Stabilitéit a Wuelstand séchert.

Déi amerikanesch Sécherheetsgarantien, déi vun ukrainescher Säit ëmmer nees verlaangt goufen, si bei der Ënnerzeechnung vum Ofkommes net thematiséiert ginn. Kiew huet keng weider Nofroen zu dësem Thema beäntwert.