Eng kuerz Rees, déi 1.000 Impressiounen hannerléisst

© Pedro Venâncio / RTL
Den Aussen- a Vizepremier Xavier Bettel an d’Arméisministesch Backes waren e Mëttwoch fir eng kuerz Visitt vun engem Dag zu Kiew an der Ukrain.
Mat derbäi war eng ganz Delegatioun an och d‘Press. Dorënner eis Journalistin Annick Goerens. Eng kuerz Rees, déi awer 1.000 Impressiounen hannerléisst. Um Radio huet d'Annick dem Dan Spogen vu sengen Andréck erzielt.
Kiew - Dat associéieren d‘Leit mat Krich, Bommen, Explosiounen, Feier, Doudeger, Blesséierter, Zerstéierung. Dat ass awer net ganz richteg?
"Nee au contraire, ech kéint iech hei elo eng Publi-Reportage maachen a vu Kiew schwäermen. Wat eng schéin Stad. Et erënnert mech u Wien, mee mat engem orthodoxen Ost-Block-Touch. Et si grouss breet Stroossen, majestéitesch Gebaier an et ass richteg propper iwwerall. Da kënnt d‘Fréijoer derbäi a Kiew ass eng richteg gréng Stad, spréch alles ass voll an de Bléien an et ass Liewen do. Wann ee wéi mir owes fir de Sonnenënnergang dann op der historescher Maidan-Plaz steet, et séngt ee mat enger Gittar ukrainesch Lidder an d‘Leit sëtze mat Glacen a Kaffi op den Trapen, jo da fillt ee sech bal wéi een Tourist."
Du sees "bal"? Dat heescht ganz esou idyllesch ass et net?
"Natierlech net. Well de Krich ass present. Mir haten einfach just Chance, dass den Dag, wou mir do waren, kee Loftalarm ausgeléist gouf a mir dunn och net hu mussen an den nächste Bunker lafen. Och um Maidan, der Onofhängegkeetsplaz, déi fir d‘Ukrainer symbolesch ass fir de Rapprochement un d'EU, ass de Krich present. Do sti grouss Affichë mat Zaldoten, déi keng 300 Kilometer ewech un der Front gekämpft hunn an do gestuerwe si fir hiert Land. Direkt niewendrun e Mier u Käerzen, ukrainesche Fändelen an honnerte Fotoe vu verstuerwenen Zaldoten. Uechter Kiew ginn et vill Plazen, wou déi elle Konsequenze vum Krich visibel sinn. Bei der Remembrance Wall, der Erënnerungsmauer, hänken Dausende Fotoen... ganz vill jonk Zaldoten, déi fir d'Fräiheet vun hirem Land gekämpft hunn. Virum Ausseministère stinn ausgebrannte Gefierer a Panzer vum 'Enemy', dem Feind, wéi si d‘Russen dohanne bal exklusiv nennen."
Dat heescht och d‘Liewe geet normal weider?
"Jo an nee. 'Jo', well effektiv geet den Alldag weider. An 'Nee', well reegelméisseg steet och Kiew am Viséier vun de Russen a gëtt mat Dronen attackéiert. Mir waren eng Plaz kucken, wou nach d‘lescht Woch eng bluddeg Attack op e Wunnquartier war. 9 Doudeger an iwwer 60 Blesséierter. Wann ech mat Ukrainer schwätzen a si nom Krich froen, si si meeschtens ganz haart."
"Mir hu keen anere Choix. Mir mussen zesumme stoen oder stierwen. Eise Feind gëtt eis keng aner Optioun. Natierlech ass et schwéier, all Mënsch ass midd, mee mir ginn net op."
"Mir kënne keng Angscht hunn."
"Mir hu kee Choix méi".
"Mir musse kämpfen".
"An dat gëllt net just fir jonk Leit, mee fir déi ganz Natioun."
"Et fiert een och ëmmer nees duerch Stroossen, wou een op eemol gesäit, dass d'Gebaier an den ieweschte Stäck komplett am Koup leien. Geraumt, gebotzt an nees opgebaut - dat geet hei ganz séier. Mir hunn och ganz emotional Amenter erlieft, grad beim Kannerspidol, dat d‘lescht Joer am Juni attackéiert gouf. De Chef-Kardiolog war nach ëmmer extrem matgeholl. Wa Russland den 8. Juli zejoert d'Zil richteg geroden hätt, da wieren 800 Leit, gréisstendeels Kanner gestuerwen."
Wéi stoung et dann ëm är Sécherheet?
"Majo dat war effektiv de sprangende Punkt bei dëser Missioun. D'Journaliste kruten am Virfeld e Sécherheetsbriefing am Ausseministère an d'Méiglechkeet e kuerzen Éischt-Hëllef-Cours ze maachen. Mir hunn all missen e 'Grad-Bag' preparéieren also e Rucksak, dee mir am Fall vun Alarm direkt kënne mathuelen a wou alles dran ass, fir e puer Deeg am Bunker auszehalen. Eppes Waarmes oder Frësches unzedoen, Iessen, Waasser, Täscheluucht- a Messer, e klenge Radio, urgent Medikamenter etc.. Mee Haaptdefi war d'Gefor vum russesche Spionage. Geolokalisatiounsservicer, Bluetooth, mobil Daten, alles huet missen ausgeschalt sinn an d'Handyen, Ipaden, Smartwatchen a Co goufen an e Stralefeste Sak gepackt. Hir Angscht war, dass duerch eis Presenz sensibel Donnéeë kéinten un d'Russe goen. Zum Beispill de Standuert vum President Selenskyj."
Hutt dir den ukrainesche President och begéint oder net?
"De Privileeg war leider de Ministere virbehalen an 2, 3 Leit aus der Delegatioun. Mee och aus Sécherheetsgrënn. Dat Gebai, wou mir hie besiche waren, matzen an der Stad, war ronderëm fir 1 Kilometer ofgeschott. Net just mat Barrikaden an Zaldoten, mee och all d'Wunngebaier ronderëm waren eidel. Un all Eck Sécherheetsleit. Eng Kolleegin aus dem Wort sot, et géing si un d'DDR erënneren. Den Opwand ass enorm. Am nämmlechte Gebai, wou d'Entrevue mam Selenskyj war, hate mer duerno och eng Entrevue mat senger Fra. A wanns de do eragees, ass et wéi am Film. Du gees 10 Minutten duerch donkel Couloiren, lénks, riets, Trapen erof, Trapen erof... bannendra leien op ville Plaze Sandsäck, wou ee sech am Fall vu Schosswiessel kann derhannert geheien. An iwwerall Sécherheetsagenten. Also d'Angscht ëm den ukrainesche President ass net kleng."
Firwat waren eis 2 Ministeren do sur place? Wat bréngt dat?
"Majo du kanns der virstellen, dass mir déi Fro och gestallt hunn. A ganz éierlech, ech ginn elo hei op dat Gefill an - déi Impressioun, déi ech krut. D'Ukrainer huelen e Besuch, an dann och nach mat esou enger grousser Delegatioun, als e grousst Kompliment op an ee Vertrauensvirschoss. De Grand-Duché weist domat, dass et eiser Regierung wichteg genuch ass, fir direkt zwee Ministeren ze schécken an dass et eis net just drëm geet, e Scheck ze schreiwen, mee och Solidaritéit ze weisen. E Scheck hu mer natierlech och soi-disant matgeholl."
Weider Detailer zur Rees, gesitt Dir den Owend am Journal vun der Tëlee.