Néierens ass d'Pressefräiheet sou gutt wéi an Norwegen

© JORG CARSTENSEN DPAdpa Picture-Alliance via AFP
Dat geet aus dem neiste Ranking vu Reporter ouni Grenzen ervir, deen e Freideg publizéiert gouf.
Iwwerhaapt dominéieren d’Skandinavier, mat Schweden op der 4. Plaz, Finnland op der Plaz 5 an Dänemark op 6. Hanner Norwegen leien Estland an Holland op de Plazen 2 an 3, sou Reporter ouni Grenzen an hirem Ranking.
Fir de Grand-Duché ass et déi 13. Plaz, ënnert 180 Länner. Zejoert war et nach déi 11. Plaz.
Reporter ouni Grenzen si formell : Déi weltwäit Situatioun vun der Pressefräiheet ass mëttlerweil op engem Déifstand ukomm.
Méi wéi d’Hallschent vun der Weltpopulatioun lieft a Länner wou Se als menacéiert agestuuft ass. Just 7 Länner komme gutt ewech, alleguer an Europa. Weltwäit am schlechtsten ewech kommen Eritrea, Nordkorea a China.