Wéi de Bundesverfassungsschutz e Freideg matgedeelt huet, géinge genuch Beweiser virleien, datt d'Partei antidemokratesch Ziler verfollegt.

An Däitschland huet d'Bundesamt fir Verfassungsschutz d'AfD als geséchert rietsextreem agestuuft. De Verdacht, datt d'Partei Ziler verfollegt, déi géint déi fräiheetlech demokratesch Gronduerdnung geriicht sinn, wier deemno confirméiert ginn. D'Beweiser dofir hätte sech a leschter Zäit verdicht a goufen an enger Expertis vu méi wéi 1.000 Säite gesammelt.

Bis haut war d'AfD an deem Kontext bundeswäit just als sougenannte "Verdachtsfall" aklasséiert. Donieft waren awer schonn Deeler vun der Partei als geséchert rietsextreem aklasséiert ginn, dorënner d'Landesverbände vu Sachsen, Sachsen-Anhalt an Thüringen.

Duerch déi nei bundeswäit Astufung vun der ganzer Partei gëtt an den däitsche Medien elo nees vun enger méigleche Relance vun den Diskussiounen ëm ee Verbuet vun der Partei geschwat. De Fait, datt eng Partei als geséchert rietsextreem gëllt, wier awer keng direkt Ursaach fir e Verbuet. Vill méi wier et eng politesch Decisioun, déi vum Bundestag, dem Bundesrat an der Bundesregierung a Form vun engem Procedé beim Bundesverfassungsgeriicht agereecht kéint ginn, dat dann iwwert e méiglecht Verbuet decidéiere géif.

Am Januar vun dësem Joer hat den deemolegen CDU-Deputéierte Marco Wanderwitz scho sou eng Motioun an d'Weeër geleet. Dës war awer net weider komm, well se net genuch Ënnerstëtzer kritt hat.

Reaktiounen

Kuerz no der Verëffentlechung huet d'Bundesinneministesch Nancy Faeser betount, déi nei Aklasséierung wier "kloer an eendeiteg". D'AfD géing eng "vëlkesch Haltung" vertrieden, déi sech a "rassisteschen Äusserunge virun allem géint Zouwanderer a Mosleme" weise géing. D'SPD-Politikerin huet zousätzlech betount, datt d'Bundesverfassungsgeriicht selbststänneg an ouni politeschen Afloss schafft, fir den Extremismus am Land ze bekämpfen.

D'Kritik vun enger politescher Motivatioun war no der Nouvelle e Freideg ënner anerem och vum AfD-Vize Stephan Brandner komm. D'Decisioun wier "inhaltlech komplette Blödsinn", hätt mat "Recht a Gesetz iwwerhaapt näischt ze dinn" a wier donieft reng politesch motivéiert "am Kampf vun de Kartellparteie géint d'AfD".