Schëff mat Hëllefsgidder fir Gaza viru Malta attackéiert

© AFP
Déi 30 Aktivisten, déi um Schëff vun der Flott "Gaza Freedom Flotilla" waren, sinn a Sécherheet. Och d'Greta Thunberg hätt solle vu Malta aus matfueren.
An der Nuecht op e Freideg gouf am Mëttelmier ronn 14 Kilometer virun der Küst vu Malta ee Schëff mat Hëllefsgidder fir Gaza attackéiert. Déi betraffen NGO mécht Israel dofir responsabel, datt d'Schëff "Gaza Freedom Flotilla" duerch zwou Dronen attackéiert gouf an doropshin a Brand gerode war.
Déi malteesesch Arméi an och d'Autoritéiten aus Zypern haten an der Nuecht op den Noutruff reagéiert a sech op de Wee gemaach, fir d'Feier um oppene Mier ze läschen. Zum Zäitpunkt vun der Attack solle sech ronn 30 Aktivisten u Bord opgehalen hunn, déi awer all a Sécherheet konnte bruecht ginn. Geplangt war deemno och, dass déi pro-palestinensesch Aktivistin Greta Thunberg vu Malta aus op d'Schëff klamme sollt.
Den Informatioune vun engem Mataarbechter vun der NGO no soll aktuell nach de Risk bestoen, datt d'Schëff an deenen nächste Stonne wéinst engem gréissere Rass am Buedem ënnergoe kéint. Eng Reaktioun op d'Uschëllegunge gëtt et aus Israel fir den aktuellen Zäitpunkt net.