Wéinst Spannunge mat Indien huet Pakistan d'Populatioun an der Grenzregioun vum pakistaneschen Deel vun Kashmir opgeruff, Liewensmëttelreserven unzeleeën.

D'Populatioun an den 13. Bezierker laanscht déi sougenannt Demarkatiounslinn hätt d'Instruktioune kritt, fir Liewenmëttelreserve fir zwee Méint unzeleeën, esou de Regierungschef vum pakistaneschen Deel vu Kashmir e Freideg virum Regionalparlament.

D'Regionalregierung huet och e Fong fir Noutfäll an Héicht vu ronn dräi Milliounen Euro ageriicht, fir d'Bezierker mat Iessen, Medikamenter an aneren liewenswichtege Gidder ze versuergen, esou den Tschaudri Anwar ul Haq weider.

Indien wërft Pakistan de Support vun engem Attentat vir, bei deem den 22. Abrëll am indeschen Deel vu Kashmir 26 Touristen erschoss goufen. Déi pakistanesch Regierung wërft all d'Virwërf zeréck. D'Tensiounen tëscht den zwee Länner, déi béid Atomwaffe besëtzen, sinn no dësem Attentat nees geféierlech héich. An der Grenzregioun hunn an der Nuecht op e Freideg d'Zaldote vu béide Säiten nees openee geschoss. Dat fir déi aachte Kéier um Stéck.

Zu Muzaffarabad, der Haaptstad vum pakistaneschen Deel vu Kashmir, hunn e Freideg Dosende Leit demonstréiert an "Indien den Doud" gewënscht, wéi Journaliste vun der AFP mellen. De Protest war en Zeeche vu Solidaritéit mat der pakistanescher Arméi, esou ee vun den Organisateure vun der Demonstratioun géintiwwer der Noriichtenagence. "Wann et iergendee Mëssgeschéck vun Indien gëtt, si mir bereet, ze äntweren", esou de Farook Rahmani, deen d'Demo organiséiert huet.

Den indesche Premier Narendra Modi hat senger Arméi en Dënschdeg déi "komplett operativ Fräiheet" ginn, fir op den "Terrorugrëff op Zivilisten a Kashmir" ze reagéieren. Pakistan hat e Mëttwoch erkläert, d'Regierung hätt Informatioune vum Geheimdéngscht, datt eng militäresch Attack vun Indien géif bevirstoen.

D'Regioun Kashmir am nërdlechen Himalaya ass zanter der Onofhängegkeet vun Indien a Pakistan aus dem Joer 1947 gedeelt. Béid Länner stellen awer Uspréch u Kashmir an hu schonn zwee Mol Krich ëm d'Regioun gefouert.