Wéi et vun der Police heescht, wiere beim Tëschefall am Zentrum vu Stuttgart siwe Leit blesséiert ginn an eng Fra wier un hire Blessure gestuerwen.

Beim Auto soll et sech Medien no ëm en SUV vu Mercedes handelen, deen bei engem Arrêt vun der Stadbunn an eng Grupp Leit gerannt ass. Dat beleeën och Fotoen, déi vun der Plaz gemaach goufen. D'Police vu Stuttgart huet d'Action um 18.19 Auer op "X" confirméiert. An enger éischter Meldung huet et geheescht, datt op d'mannst dräi Leit blesséiert goufen. Méi spéit huet d'Police op der Plattform präziséiert, datt aacht Leit blesséiert goufen, dräi dovu schwéier.

Dës Situatioun huet dozou gefouert, datt et zu grousse Behënnerungen am Trafic wéi och vun der Bunn kënnt. Géintiwwer de "Stuttgarter Nachrichten" huet eng Policespriecherin confirméiert, datt géint 17.50 Auer en Automobilist mat enger G-Klass am Beräich vum Arrêt "Olgaeck" an eng Grupp Leit gerannt ass. Den 42 Joer alen Automobilist gouf festgeholl.

Zu den Hannergrënn wollt ee fir d'Éischt näischt soen an d'Ermëttlungen ofwaarden. Um fréie Freideg den Owend huet et du vun der Police geheescht, datt ee vun engem "tragesche Verkéiersaccident" ausgeet. "Et gëtt aktuell keng Indicen, datt et en Attentat oder eng gewollten Dot war", schreift d'Police op X. Fir d'Populatioun géif keng Gefor bestoen. Et géif een awer nach weider an all d'Richtungen ermëttelen.

Um spéiden Owend koum dunn déi traureg Nouvelle, datt eng Fra vu 46 Joer hir Blessuren net iwwerlieft hätt. Si wier nach an d'Spidol komm an do wier se gestuerwen. Si war eng vun den dräi Persounen, déi d'Police an hiren éischte Meldungen als "schwéier blesséiert" beschriwwen hat.

E Samschdeg huet de Parquet du confirméiert, datt eng geplangten Dot definitiv kann ausgeschloss ginn an datt et sech ëm en tragescht Accident gehandelt huet. Net manner wéi 70 Secouristen an 30 Gefierer waren am Asaz.