Mat KI generéiert
US-President Trump verëffentlecht Foto vu sech als Poopst

© X-Account vum Donald J. Trump / @realDonaldTrump
Op sengem sozialen Netzwierk Truth Social huet den US-President Donald Trump e Bild gedeelt, wou hien an der Tenue vum Pontifex poséiert.
Och d'Wäisst Haus huet dëse Post op der Online-Plattform X gedeelt. An der leschter Woch hat hien nach de Geck gemaach, datt hie selwer säin éischte Choix wier bei der Wiel vum neie Poopst. De verstuerwene Poopst François stoung dem Donald Trump kritesch géintiwwer. Den US-President war bei der Begriefnes-Zeremonie zu Roum dobäi.
Am meeschte gelies