A60 bei Bitburg
Geeschterfuerer verursaacht déidlechen Accident

© AFP/Archiv/David GANNON
Op der Autobunn A60 bei Bitburg gouf et am fréie Samschdegmoien en déidlechen Accident wéinst engem Geeschterfuerer. Dat deelt déi däitsch Police mat.
En SUV war bei Landscheid de falsche Wee op d'Autobunn eropgefuer an ass a Richtung Belsch gefuer.
D'Police hat de Won nach vun Zeie gemellt kritt, mä en Accident konnt net verhënnert ginn.
Den SUV ass frontal mat engem anere Won kollidéiert, deen op der Autobunn a Richtung Wittlich ënnerwee war. Am zweetgenannten Auto ass d'Automobilistin gestuerwen, zwou aner Persoune goufe schwéier verwonnt. De Geeschterfuerer gouf liicht blesséiert.
Am meeschte gelies