Den Inneministère vum Land huet e Samschdeg bekannt ginn, dass zwee Membere vun enger "terroristescher Organisatioun" higeriicht goufen.

Si hätten ënnert anerem an engem auslänneschen Ausbildungslager geléiert, wéi ee Sprengstoff hierstellt. Enger Zielung vun der Noriichtenagence AFP no, ass d'Zuel vun den Exekutiounen a Saudi-Arabien op iwwer 100 geklommen.

Offiziellen Zuelen a Rapporte a saudiarabesche Medien no, wiere dëst Joer schon 59 Persoune wéinst Drogendelikter higeriicht ginn. Dorënner waren 43 auslännesch Staatsbierger. No enger Ënnerbriechung vu bal 3 Joer haten déi national Autoritéiten Enn 2022 vir déi éischte Kéier nees mat der Doudesstrof bei Drogendelikter ugefaangen.

D'Mënscherechtsorganisatioun Amnesty International huet Enn Abrëll vun engem "alarmante Klammen" vun den Hiriichtungen a Saudi-Arabien gewarnt. 2024 goufen et Berechnunge vun der AFP no 338 Exekutiounen am Land, 2023 waren et der 170.

Saudi-Arabien gehéiert zu deene Länner, an deene weltwäit am heefegsten d'Doudesstrof verhänkt gëtt. Déi meeschten Exekutioune ginn et Mënscherechtsgruppen no a China, dono am Iran.