Deels uerg Dimmer zu Paräis an an der Géigend Tréier

© HENRIQUE CAMPOS Hans LucasHans Lucas via AFP
Paräis an d'Géigend vun Tréier sinn e Samschdeg de Mëtteg géint 15 Auer vun engem impressionanten Dimmer getraff ginn.
Op Biller gesäit een, wéi den Himmel iwwer Paräis op ee mol ganz däischter gëtt an déck Knëppelsteng vun e puer Zentimeter Duerchmiesser erofginn. Meteo France hat déi ganz Géigend vun der Ile-de-France ënner Alerte jaune gesat. De Metrostraffik zu Paräis war gestéiert, well e puer Statiounen iwwerschwemmt goufen.
Och d'Géigend zu Tréier ass am spéide Nomëtteg vun engem méi uergen Dimmer getraff ginn. Dobäi ass e Bam op en Auto gefall an eng Persoun huet misse vun de Pompjeeën eraus geschnidde ginn a koum an d'Spidol.
An zu Zewen war de Stroum bei enger Zuchbarrière ausgefall, wat zäitweileg fir Problemer gesuergt hat.