De Papp vun engem franséische Krypto-Millionär war en Donneschdegmoien entféiert ginn. Seng Entféierer haten e Léisegeld a Milliounenhéicht gefuerdert.

Wéi de Parquet e Sonndeg matdeelt, wier de Mann e Samschdegowend géint 21 Auer am Viruert Essonne vun der Police fonnt a befreit ginn. 5 Verdächteger goufen iwwerdeems festgeholl. "D'Affer schéngt de Papp vun engem Mann ze sinn, deen e Verméige mat Kryptowärunge gemaach huet", esou de Parquet an enger Erklärung.

De Mann war en Donneschdeg de Moie géint 10.30 Auer vu 4 maskéierte Männer virun Aenzeien an eng Camionnette gezu ginn. A franséische Medie goung vu Léisegeld-Fuerderungen tëschent 5 a 7 Milliounen Euro Rieds, dës goufen der Police no awer net bezuelt. Wéi AFP aus Ermëttlungskreesser gewuer ginn ass, soll de Mann wärend senger Gefaangenschaft och e Fanger ofgeschnidde kritt hunn. D'Police hat aus Angscht viru weidere Gewaltdote géint de Mann dunn e Samschdeg agegraff.

Schonn Enn Januar koum et a Frankräich zu enger Entféierung vun engem Matbegrënner vun enger erfollegräicher Krypto-Entreprise. Den David Balland war deemools zesumme mat senger Frëndin entféiert ginn a krut och e Fanger ofgeschnidden. D'Koppel konnt no enger grousser Enquête awer befreit ginn.