No Attack vun Huthi-Rebellen op Fluchhafe Ben Gurion
Israeelesche Premier annoncéiert Revanche

© JACK GUEZ AFP
Op Telegram sot den Netanjahu, datt een an der Vergaangenheet géint d'Rebellen aus dem Jemen virgaangen ass an datt een dat an Zukunft géing maachen.
Et géing net eng Kéier knuppen, mä e puer mol, sou den israeelesche Premier weider. D'Huthi-Rebellen haten e Sonndeg de Moie fréi eng Rakéit op de Fluchhafe zu Tel Aviv geschoss. D'israeelesch Loftofwier krut se net ofgewiert.
D'Rakéit ass am Beräich vum Terminal 3 vum Fluchhafen ageschloen. 5 Leit goufe verwonnt. De Fluchverkéier war fir eng kuerz Zäit ënnerbrach.
Als Reaktioun op dëse Virfall hunn eng Partie international Fluchgesellschafte Flich op Tel Aviv annuléiert.
Am meeschte gelies