D’Mineral-Ofkommes tëscht der Ukrain an den USA muss nach duerch d’ukrainescht Parlament zu Kiew guttgeheescht ginn, ier et kann a Kraaft trieden.

Washington hätt domat Zougank zu ukrainesche Ressource wéi seelen Äerden awer och Gas a Pëtrol. Duerch d’Grënnung vun engem Investmentfong hofft Kiew domat, d’USA u Bord ze hunn fir Hëllef am Krich an e Neiopbau duerno. Sécherheetsgarantië vu Washington fir d’Ukrain sinn allerdéngs keng explizitt virgesinn.

Et geet ëm Grafit, Uran a Mangan. Mä et dierft Joren oder Joerzéngten daueren, bis dass iergendeen iwwerhaapt e Profit kann zéien aus deene natierleche Ressourcen. Fir den Ament ass just en Investmentfong gegrënnt.

De Volodymyr Landa, Centre for Economic Strategy: "D’Ofkommes gouf um Enn net de leschten Dag am Februar ënnerschriwwe, mee de leschten Dag am Abrëll. An den Text ass vill besser wéi alleguer déi viregt Versiounen, déi mir gesinn haten. Vun deene Versioune ware verschiddener iwwerhaapt net acceptabel. Déi schlëmmst war carrement klauen oder eppes wéi e koloniaalt Arrangement. Glécklecherweis hunn déi ukrainesch Negociateuren gutt Aarbecht geleescht an si hunn dat Dokument zu engem ausgeglachene, kommerziellen Accord gemaach vun deem béid Parteie kënne profitéieren."

Mee net haut oder muer. Ëm Lizenze fir eng Fërderung goung et nach guer net. Et gi keng konkret Sécherheetsgarantien fir d’Ukrain, mä Kiew hofft drop, dass d’Ënnerstëtzung vun den USA implizitt muss kommen, wann een Washington e wirtschaftleche Notzen vun de Ressourcen an Aussiicht stellt. Den Engagement bleift fragil.

De Volodymyr Landa, Centre for Economic Strategy: "Ech mengen de Fokus läit op Titan a Lithium. Mir hunn eng entwéckelt Industrie fir Titan a vill Reserven. Fir Lithium awer net esou. Et gi Reserven, mee den Ament besteet just eng Lizenz. Aner Reserven sinn an de besaten Verwaltungsbezierker. Generell no un der Front."
 
Och hannert der Front a genee dat ass de Problem. An do zielt Kiew drop, dass d’USA dem Krich en Enn setzen, wat jo d’Viraussetzung wier fir hannert d’Front ze kommen.

Den James Nixey, Russia-Eurasia Programme, Chatham House: "D’Ukrainer behaapten si hätten 5% vun de seelenen Äerden vun der Welt op hirem Territoire. Also, op der international unerkannter Ukrain. Dat ass net dat selwecht wéi dat wat Kiew den Ament kontrolléiert. Mee déi Zuel vu 5% ass ëmstridden. Méiglecherweis iwwerschat an d’Ukrain huet manner wéi behaapt. Dat stellt am Fong dat ganzt Ofkommen a Fro."

D'Ukrain steet am Krich an de Krich ass d’Variabel am Deal. Den Ausgank vum Krich virun allem. Eng Victoire hätt eng aner Auswierkung op den Deal wéi eng Kapitulatioun. Et wierkt extreem verfréit en Ofkommes anzegoen, wann d’Reserve vun de Ressource mol net genee kënne chiffréiert ginn a kee genee weess wien se um Enn dierft kontrolléieren. Kyiv huet virun allem US-amerikanescher Ongedold noginn.