Bei de Presidentschaftswale ass en ultra-nationalisteschen Trump-Alliéierte vir

Den 38 Joer jonke George Simion ass de Favorit am éischten Tour. D’Büroen sin ach bis 8 Auer den Owend onser Zäit op.
Kuerz drop schonn wäerten éischt Héichrechnungen z’erwaarde sinn.
Si leeë Wäert op Symbolik. Den disqualifizéierte Kandidat Calin Georgescu goung zesumme mam George Simion e Sonndeg an de Walbüro seng Stëmm ofginn. De rietsextreeme Kandidat ass sech senger Victoire am Virfeld ganz sécher a spillt mam Gedanken de Georgescu ze retabléieren.
George Simion, rietsextreeme Kandidat: "Eng vun de Méiglechkeeten ass, wa mer eng Majoritéit kréien a wann d’Rumänier net fir de Kandidat vun der Regierung wielen, a mir eng Majoritéit am Parlament hunn, da kéint den Georgescu zum Premier wielen, wann hien dat wéilt."
De Simion ass géint Militärhëllef fir d’Ukrain, géint d’EU a seet sech alignéiert mat der Beweegung vum Donald Trump. Ee vu sengen Erausfuerderer ass den Nicusor Dan, de 55 Joer ale Buergermeeschter vu Bukarest. E pro-EU a pro-NATO Kandidat. "Ech hu gewielt an ech si mer bewosst, dass Rumänien an engem schwierege Moment stécht an dass déi, déi esou wäit gefall si net déi sinn, déi dëst Land nom 12. Mee erëm kënnen opbauen. Ech hu Gerechtegkeet gewielt an dee Kandidat, dee Rumänien déi kann erëmginn."
Fir de Fall, dass kee vun de Kandidaten am éischten Tour iwwer 50% kéim, soll en zweeten Tour an zwou Wochen eng Entscheedung bréngen.