De Premierminister Luc Frieden ass op Aarbechtsvisitt a Finnland

© Arnaud Serexhe
Zwee Deeg laang ass de Lëtzebuerger Premier op Aarbechtsvisitt a Finnland. Hei ass ënner anerem eng Visitt bei sengem finneschen Homolog geplangt.
Mat a Finnland dobäi ass eise Journalist Tim Morizet, deen och weess, wisou d'Lëtzebuerg fir Finnland interessant ass, respektiv ëmgedréint.
Wéi kënne béid Länner vunenee profitéieren?
Fir d’Visitt a Finnland ginn et eng ganz Rëtsch Grënn. Nieft engem Aarbechtstreffen mam finnesche Premier Petteri Orpo ass och eng Reunioun mam finnesche President Alexander Stubb geplangt. D’Relatioun tëscht Lëtzebuerg a Finnland geet wäit zeréck. 2023 war déi deemoleg finnesch Premierministesch Sanna Marin zu Lëtzebuerg zu Besuch am Kader vum 100. Anniversaire vun den diplomatesche Relatiounen tëscht béide Länner. Lëtzebuerg huet de Bäitrëtt vu Finnland an d’NATO am Joer 2023 begréisst an och mat ënnerstëtzt.
Déi politesch Entrevuen, déi virun allem en Dënschdeg sinn, ginn d’Méiglechkeet iwwer aktuell geopolitesch Sujeten an d'transatlantesch Relatiounen ze beschwätzen. Mä och d’Cybersécherheet, eng besser Resilienz an déi ekonomesch Relatioune wäerten diskutéiert ginn.
Wéi gesäit déi ekonomesch Partnerschaft tëscht Lëtzebuerg a Finnland aktuell aus?
Finnland ass elo net de gréissten Handelspartner fir Lëtzebuerg, ass awer net onwichteg. Vläicht e puer Zuelen: Am Joer 2022 huet Lëtzebuerg Wueren am Wäert vun 122 Milliounen US-Dollar a Finnland exportéiert (dozou gehéieren haaptsächlech Stolproduiten). Importéiert goufe Wueren am Wäert vun 69 Milliounen US-Dollar (ënner anerem Enzymer, industriell Fettsaieren a rouden Zénk).
Mä Finnland ass technesch a bei der Digitalisatioun immens wäit developpéiert. Dofir sinn och ëmmer nees lëtzebuergesch Delegatiounen am Land ënnerwee, fir sech Saachen ukucken ze goen: ewéi bei de Gesondheetstechnologien (der Health Tech). Finnland a Lëtzebuerg hu sech och zesumme fir en EU-Mechanismus fir erneierbar Energie engagéiert. Lëtzebuerg steiert hei 40 Milliounen Euro bäi an dofir ginn a Finnland Solaranlage mat enger Leeschtung vu bis zu 400 MW um Territoire installéiert.
Iwwerdeems gi bei der Lëtzebuerger Telekommunikatioun ganz vill Apparater vum finnesche Produzent Nokia mat agebaut. An de LIST, also de Lëtzebuerg Institut fir Science an Technologie, huet och e Partenariat fir Fuerschungsprojete mam VTT, dem renomméierten technesche Recherchezenter a Finnland. Hei kritt de Premier Luc Frieden bei senger Visitt hire Super-Computer presentéiert.
Finnland deelt insgesamt 1.300 Kilometer Grenz mat Russland. D’Land gëllt, och wéinst senger geopolitescher Situatioun als extreem preparéiert am Fall vun engem Krich.
D'Visitt vun esou enger Infrastruktur steet dann och en Dënschdeg um Plang. An zwar ee vun de villen ënnerierdesche Bunker ënnert der Stad vun Helsinki. Méi ewéi 50.000 Bunkere bidden a ganz Finnland Schutz fir méi ewéi 4,8 Millioune Mënschen. Am Ganzen huet Finnland 5,6 Milliounen Awunner.
D’Sécherheetsstrategie vu Finnland baséiert op laangfristegen Investitiounen esouwuel an d’Militär, mee awer och an d’Bereetschaft. An dozou gehéiert och déi ze vill Verdeedegung. D’Bunkere sinn entworf, fir Explosiounen, Baukollaps, Stralung a gëftege Substanzen ze widderstoen. Gebaier oder Wunnkomplexer mat enger Fläch vun iwwer 1.200 Quadratmeter musse vum Gesetz hier e Bommeschutz hunn. Dee ganze Programm gouf scho virum 2. Weltkrich opgebaut. Déi bestoend Bunkere ginn och am Alldag benotzt ginn. Hei sinn ënnerierdesch Spillplazen oder Saunaen integréiert. De Bunker gehéiert also souzesoen zum Alldag vun de Leit hei.